Op den Inhalt sprangen

Eurovision Song Contest 1978

Vu Wikipedia
23. Eurovision Song Contest
Datum 22. Abrëll 1978
Stad Paräis (Frankräich)
Gebai Palais des Congrès
Gewënner Izhar Cohen and the Alphabeta (Israel)
Zuel vu Länner 20
Nei Participatiounen Keng
Moderatioun Denise Fabre a Léon Zitrone
Interval Act Stéphane Grappelli and Oscar Peterson, Yehudi Menuhin, Kenny Clarke, Niels-Henning Ørsted Pedersen
Ofstëmmungsreegel An all Land huet eng Jury 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder verginn.

Den 23. Eurovision Song Contest (offiziell de Concours Eurovision de la Chanson), war den 22. Abrëll 1978 a Frankräich. E gouf dat Joer am Palais des Congrès zu Paräis organiséiert. Presentateure waren d'Denise Fabre an de Léon Zitrone.

Am Ganzen hunn 20 Länner matgemaach, Jugoslawien a Malta waren net dobäi. Dänemark huet no 11 Joer Paus fir d'éischt nees matgemaach.

Verschidde Sänger ware scho virdru mol eng Kéier dobäi, de Jean Vallée fir d'Belsch 1970 an d'Ireen Sheer fir Lëtzebuerg 1974.

D'Reegel fir d'Ofstëmmung ass d'selwecht bliwwe wéi dat Joer virdrun: An all Land huet eng Jury 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder verginn. D'Resultater si per Telefon op Paräis matgedeelt ginn.

Déi éischt Plaz kruten d'Vertrieder vun Israel, d'Grupp Izhar Cohen & the Alphabeta, mat 32 Punkte Virsprong virum Jean Vallée (Belsch). Déi drëtt Plaz krut de Joël Prévost, dee fir Frankräich ugetruede war.

Fir Israel war et déi éischt Kéier datt et de Grand Prix gewonnen hat. A Jordanien ass d'Eurovisioun och live iwwerdroe ginn. Wéi et bis ofzegesi war, dat Israel géif gewannen, hu se ënner dem Virwand vun technesche Schwieregkeeten d'Sendung ënnerbrach. Den Dag drop hu se d'Belsch als Gewënner presentéiert, déi jo a Wierklechkeet nëmmen Zweet gi waren.

PlazLandInterpretTitelPunkten
1.IsraelIzhar Cohen and the AlphabetaA-ba-ni-bi157
2.BelschJean ValléeL'amour ça fait chanter la vie125
3.FrankräichJoël PrévostIl y aura toujours des violons119
4.MonacoCaline an Olivier ToussaintDans les jardins de Monaco107
5.IrlandColm T. WilkinsonBorn to Sing86
6.DäitschlandIreen SheerFeuer84
7.LëtzebuergBaccaraParlez-vous français73
8.GriichelandTania TsanaklidouCharlie Chaplin66
9.SpuenienJosé VelezBailemos un vals65
9.SchwäizCarole VinciVivre65
11.GroussbritannienCo-CoBad Old Days61
12.ItalienRicchi e PoveriQuesto amore53
13.HollandHarmonyT is o.k.37
14.SchwedenBjörn SkifsDet blir alltid värre framåt natten26
15.ÉisträichSpringtimeMrs. Caroline Robinson14
16.DänemarkMabelBoom-boom13
17.PortugalGeminiDai-li-dou5
18.FinnlandSeija SimolaAnna rakkaudelle tilaisuus2
18.TierkeiNilüfer & NazarBoom Boom Boomerang2
20.NorwegenJahn TeigenMil etter mil0
London (Groussbritannien) Jerusalem (Israel)
ESC 1977 Eurovision Song Contest ESC 1979