Op den Inhalt sprangen

Eurovision Song Contest 1979

Vu Wikipedia
24. Eurovision Song Contest
Datum 31. Mäerz 1979
Stad Jerusalem (Israel)
Gebai Binyanei Ha'ouama Centre
Gewënner Gali Atari & Milk and Honey (Israel)
Zuel vu Länner 19
Nei Participatiounen Keng
Moderatioun Daniel Pe'er & Yardena Arazi
Interval Act Shalom ’79
Ofstëmmungsreegel An all Land huet eng Jury 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder verginn.
Binyanei Ha'ouama Centre zu Jerusalem, 2006
D'Gali Atari aus der Gewënnergrupp, 2009

De 24. Eurovision Song Contest war den 31. Mäerz 1979 an Israel. E gouf dat Joer am Binyanei Ha'ouama Centre zu Jerusalem organiséiert. Presentateure waren den Daniel Pe'er an d'Yardena Arazi. Et war déi éischt Kéier datt de Grand Prix net an Europa ofgehale gouf.

Am Ganzen hunn 19 Länner matgemaach. Jugoslawien, Malta an d'Tierkei waren net dobäi. D'Tierkei wollt eigentlech ursprenglech matmaachen, huet sech awer op Drock vun e puer arabeschen Noperstaaten nees zeréck gezunn.

Verschidde Sänger ware scho virdru mol eng Kéier dobäi, d'Anne-Marie David fir Lëtzebuerg 1973, d'Sandra Reemer (Xandra) fir Holland 1972 a 1976, d'Anita Skorgan fir Norwegen 1977 an d'Grupp Peter, Sue and Marc fir d'Schwäiz 1971 a 1976.

D'Reegel fir d'Ofstëmmung ass d'selwecht bliwwe wéi dat Joer virdrun: An all Land huet eng Jury 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder verginn. D'Resultater si per Telefon op Jerusalem matgedeelt ginn.

Déi éischt Plaz kruten d'Vertrieder vun Israel, d'Grupp Gali Atari & Milk and Honey, mat 9 Punkte Virsprong virum Betty Missiego (Spuenien). Déi drëtt Plaz krut d'Anne-Marie David, déi fir Frankräich ugetruede war.

Spuenie war dat lescht Land fir ofzestëmmen. Zu deem Moment war Spuenien mat 1 Punkt virun Israel, duerch déi 10 Punkten déi se du vu Spuenien kritt hunn, huet Israel gewonnen. Et sinn duerno Gerüchter ginn, dat Spuenien net wollt wannen an dat se dowéinst Israel d'Punkte ginn hunn.

Fir Israel war et déi zweet Kéier datt et de Grand Prix gewonnen hat an dat och nach hannereneen. D'Gewënnerlidd ass en europawäiten Erfolleg ginn.

PlazLandInterpretTitelPunkten
1.IsraelGali Atari & Milk and HoneyHallelujah125
2.SpuenienBetty MissiegoSu canción116
3.FrankräichAnne-Marie DavidJe suis l'enfant-soleil101
4.DäitschlandDschinghis KhanDschinghis Khan86
5.IrlandCathal DunneHappy Man80
6.DänemarkTommy SeebachDisco Tango76
7.GroussbritannienBlack LaceMary Ann73
8.GriichelandElpidaSokrati69
9.PortugalManuela BravoSobe, sobe, balão sobe64
10.SchwäizPeter, Sue & Marc & Pfuri, Gorps & KniriTrödler und Co.60
11.NorwegenAnita SkorganOliver57
12.HollandXandraColorado51
13.LëtzebuergJeane MansonJ'ai déjà vu ça dans tes yeux44
14.FinnlandKatri HelenaKatson sineen taivaan38
15.ItalienMatia BazarRaggio di luna27
16.MonacoLaurent VaguenerNotre vie c'est la musique12
17.SchwedenTed GärdestadSatellit8
18.BelschMicha MarahHey Nana5
18.ÉisträichChristina SimonHeute in Jerusalem5
Paräis (Frankräich) Den Haag (Holland)
ESC 1978 Eurovision Song Contest ESC 1980