Eurovision Song Contest 1973

Vu Wikipedia
D'Gewënnerin Anne-Marie David, 2008
18. Eurovision Song Contest
Datum 7. Abrëll 1973
Stad Lëtzebuerg (Lëtzebuerg)
Gebai Neien Theater Stad Lëtzebuerg
Gewënner Anne-Marie David (Lëtzebuerg)
Zuel vu Länner 17
Nei Participatiounen Israel
Moderatioun Helga Guitton
Interval Act Charlie Rivel
Ofstëmmungsreegel An der Jury vun all Land waren zwee Leit, den een ënner, den aneren iwwer 25 Joer. D'Jurore konnten all Land mindestens 1 Punkt, héchstens 5 Punkte ginn.
Neien Theater, Stad Lëtzebuerg, 2008

Den 18. Eurovision Song Contest (mat offiziellen Numm Concours Eurovision de la Chanson) war de 17. Abrëll 1973 zu Lëtzebuerg. Organiséiert gouf d'Eurovisioun dat Joer am Neien Theater zu Lëtzebuerg. Presentatrice war d'Helga Guitton.

Obwuel Israel als neit Land derbäikomm ass, waren nëmme 17 Länner am Grand Prix, well Malta an Éisträich net matgemaach hunn. Israel war dat éischt net-europäescht Land dat matgemaach huet. D'Sécherheetsmoossnamen hunn dowéinst staark missen erhéicht ginn.

Verschidde Sänger ware scho virdru mol eng Kéier dobäi, d'Marion Rung fir Finnland 1962, de Massimo Ranieri fir Italien 1971 an de Cliff Richard fir Groussbritannien 1968.

D'Reegel datt nëmmen an der Landessprooch gesongen däerf ginn, ass opgehuewe ginn. Et hunn awer just déi skandinavesch Länner dovu Gebrauch gemaach. Dës Reegel war awer nëmme bis 1976 gëlteg. Am Joer 1999 ass fir d'zweet agefouert ginn.

D'Reegel fir d'Ofstëmmung war déi selwecht wéi dat Joer virdrun: An der Jury vun all Land waren zwee Leit, den een ënner, den aneren iwwer 25 Joer. D'Jurore konnten all Land mindestens 1 Punkt, héchstens 5 Punkte ginn. D'Jury konnt sou am Ganze maximal 10 Punkte verginn fir dat bescht Lidd, wat an dësem Joer awer net all Land gemaach huet. D'Jurye waren op der Plaz dobäi an hunn d'Resultater zum Schluss op der Bün bekannt ginn.

D'Lidd vu Spuenien ass vu Kritiker accuséiert ginn e Plagiat vum jugoslaweschen Titel vun 1966 ze sinn. Et ass awer net sanktionéiert ginn a gouf och e groussen Erfolleg.

Déi éischt Plaz krut d'Vertriederin vu Lëtzebuerg, d'Anne-Marie David mat 4 Punkte Virsprong virum Grupp Mocedades (Spuenien). Déi drëtt Plaz krut de Cliff Richard, dee fir Groussbritannien ugetruede war.

Fir Lëtzebuerg war et schonn déi véiert Kéier datt et de Grand Prix gewonnen hat.

Klassement[änneren | Quelltext änneren]

Plaz Land Interpret Titel Punkten
1. Lëtzebuerg Anne-Marie David Tu te reconnaîtras 129
2. Spuenien Mocedades Eres tú 125
3. Groussbritannien Cliff Richard Power to All Our Friends 123
4. Israel Ilanit Ey-sham 97
5. Schweden Nova You're Summer – You Never Tell Me No 94
6. Finnland Marion Rung Tom Tom Tom 93
7. Norwegen Bendik Singers It's Just a Game 89
8. Däitschland Gitte Junger Tag 85
8. Monaco Marie Un train qui part 85
10. Portugal Fernando Tordo Tourada 80
10. Irland Maxi Do I Dream 80
12. Schwäiz Patrick Juvet Je vais me marier, Marie 79
13. Italien Massimo Ranieri Chi sarà con te 74
14. Holland Ben Cramer De oude muzikant 69
15. Jugoslawien Zdravko Čolić Gori vatra 65
15. Frankräich Martine Clémenceau Sans toi 65
17. Belsch Nicole & Hugo Baby Baby 58

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Edinburgh (Groussbritannien) Brighton (Groussbritannien)
ESC 1972 Eurovision Song Contest ESC 1974