Patrick Juvet

Vu Wikipedia
Patrick Juvet
Gebuer 21. August 1950
Montreux
Gestuerwen 1. Abrëll 2021
Barcelona
Doudesursaach Häerzkollaps
Nationalitéit Schwäiz
Aktivitéit Sänger, Lidderschreiwer, Pianist
Patrick Juvet (1976)

De Patrick Juvet, gebuer den 21. August 1950 zu Montreux, a gestuerwen den oder virum 1. Abrëll 2021 zu Barcelona[1] war e Schwäizer Sänger, Pianist a Komponist vu Lidder.

Hien huet bal all seng Lidder selwer komponéiert, an eng Rëtsch Placken aus dem Rayon Chanson, Disco a Pop opgeholl, zum Deel zesumme mam Daniel Balavoine oder Jean-Michel Jarre. Seng gréist Succèsen hat en Enn vun den 1970er Jore mat den Disco-Hitten I love America an Où sont les femmes ?. Och fir anerer huet hie komponéiert sou z. B. den Hit Le lundi au soleil fir de Claude François.

Beim Eurovision Song Contest 1973 an der Stad Lëtzebuerg hat hien déi 12. Plaz ereecht.

No der Disco-Well konnt hien net méi u seng viregt Succèsen uknëppen, an hien hat och mat gesondheetleche Problemer ze dinn.

De Juvet gouf den 1. Abrëll 2021 am Alter vu 70 a sengem Appartement zu Barcelona dout fonnt.[1] D'Autopsie huet en Häerzstëllstand opgedeckt, hie gouf zu Barcelona ageäschert a seng Äsche goungen hannescht an d'Schwäiz.[2]

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

Albumen

  • La musica (1973)
  • Love (1973)
  • PJ vous raconte son rêve – Olympia ’73 (1974)
  • Chrysalide (1974)
  • Mort ou vif (1976)
  • Paris By Night (1977)
  • Got a Feeling – I Love America (1978)
  • Lady Night (1979)
  • Laura, les ombres de l'été (1979, Filmmsuek)
  • Live (1980)
  • Still Alive (1981)
  • Rêves Immoraux (1982)
  • Solitudes (1991)

Kompilatiounen

  • Master Série (1988)
  • Best Of (1995)
  • Best of Disco (2000)
  • L'essentiel (2002)

Autobiographie[änneren | Quelltext änneren]

  • Les Bleus au coeur. 2005

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Patrick Juvet – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 "Patrick Juvet est mort: l'interprète de "Où sont les femmes" avait 70 ans" (op Franséisch). Huffingtonpost.fr. 2021-04-01.
  2. "Patrick Juvet : les résultats de l'autopsie sont tombés, les circonstances terribles de sa mort (enfin) dévoilées !" (op Franséisch). Public.fr. 2021-04-08.