Op den Inhalt sprangen

Eurovision Song Contest 1968

Vu Wikipedia
13. Eurovision Song Contest
Datum 6. Abrëll 1968
Stad London (Groussbritannien)
Gebai Royal Albert Hall
Gewënner Massiel (Spuenien)
Zuel vu Länner 17
Nei Participatiounen Keng
Moderatioun Katie Boyle
Interval Act London-Impressionen a Bild an Ton
Ofstëmmungsreegel A jiddwer Land souzen zéng Jurymemberen. Jiddwer Member huet mat engem Punkt fir een Titel ofgestëmmt.
Royal Albert Hall, 2010

Den 13. Eurovision Song Contest (offiziell den Eurovision Song Contest) war de 6. Abrëll 1968 a Groussbritannien. Organiséiert gouf d'Eurovisioun dat Joer an der Royal Albert Hall zu London. Presentatrice war d'Katie Boyle.

D'Zuel vun de Länner ass bei 17 bliwwen.

Et war dat éischt Joer datt d'Sendung vu 7 Länner a Faarf iwwerdroe gouf obwuel nach net vill Leit d'Méiglechkeet hate fir se faarweg ze gesinn.

Eng Sängerin war scho virdrun eng Kéier dobäi, d'Isabelle Aubret fir Frankräich 1962, déi deemools gewonnen hat.

D'Reegel fir d'Ofstëmmung war d'selwecht wéi dat Joer virdrun: An all Land souzen 10 Jurysmemberen, déi jiddwereen eng Stëmm ze verginn haten. D'Jury konnt sou am Ganze maximal 10 Punkte verginn fir dat bescht Lidd. D'Resultater goufen telefonesch an ëffentlech op London iwwermëttelt.

Déi éischt Plaz krut d'Vertriederin vu Spuenien, d'Massiel mat nëmmen 1 Punkt Virsprong virum Cliff Richard (Groussbritannien). Déi drëtt Plaz krut d'Isabelle Aubret, déi fir Frankräich ugetruede war. Et war déi éischt Kéier datt Spuenie gewonnen hat. Bei der Widderhuelung um Enn vun der Sendung huet si d'Lidd an enger zweesproocheger Versioun gesongen (Spuenesch an Englesch).

Dat spuenescht Lidd sollt ursprénglech eigentlech vum Joan Manuel Serrat gesonge ginn. Well deen awer drop insistéiert huet fir et op katalounesch ze sangen, ass en duerch d'Massiel ersat ginn. De Franco-Regime hat a Spuenien déi Zäit aner Sproochen ausser Spuenesch verbueden.

PlazLandInterpretTitelPunkten
1.SpuenienMassielLa, la, la29
2.GroussbritannienCliff RichardCongratulations28
3.FrankräichIsabelle AubretLa source20
4.IrlandPat McGeeganChance of a Lifetime18
5.SchwedenClaes-Göran HederströmDet börjar verka kärlek, banne mej15
6.DäitschlandWencke MyhreEin Hoch der Liebe11
7.BelschClaude LombardQuand tu reviendras8
7.MonacoLine & WillyÀ chacun sa chanson8
7.JugoslawienLuci & HamoJedan dan8
10.ItalienSergio EndrigoMarianne7
11.PortugalCarlos MendesVerão5
11.LëtzebuergChris Baldo & Sophie GarelNous vivrons d'amour5
13.ÉisträichKarel GottTausend Fenster2
13.SchwäizGianni MascoloRinge-dinge-ding2
13.NorwegenOdd BørreStress2
16.HollandRonnie ToberMorgen1
16.FinnlandKristina HautalaKun kello käy1
Wien (Éisträich) Madrid (Spuenien)
ESC 1967 Eurovision Song Contest ESC 1969