Chris Baldo

Vu Wikipedia
Chris Baldo
De Chris Baldo (ëm 1969)
Gebuertsnumm Christian Henri Baldauff
Gebuer 24. Juni 1943
Lëtzebuerg
Gestuerwen 24. Januar 1995
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Sänger

De Chris Baldo, Pseudonym vum Christian Henri Baldauff, gebuer de 24. Juni 1943 an der Stad Lëtzebuerg an och do gestuerwen de 24. Januar 1995[1], war e lëtzebuergesche Museker, Schlagersänger a Komponist.

Scho mat 12 Joer huet hie Gittar gespillt a mat 13 deen éischte Crochet gewonnen. Mat 16 Joer huet hie mat sengem Kolleeg Jean Jentgen ënner dem Numm The Youngsters seng éischt Single opgeholl mat den zwee Lidder Walking Alone a Pourquoi ?. Doduerch ass déi däitsch Firma Polydor op en opmierksam ginn an en hat d'Geleeënheet, ënner dem Pseudonym Chris Baldo eng Single mat de Lidder Einsam und allein an Allein in einer großen Stadt bei hinnen opzehuelen. Hien huet awer geschwënn de Label gewiesselt a mat de Firmen Ariola, Decca a Vogue zesummegeschafft.

Wéi zu Lëtzebuerg den Twist opkomm ass, koum de Chris Baldo mat sengem Gittaren-Orchester Chiens Méchants sou gutt un, datt souguer e Fan-Club gegrënnt ginn ass. Ausser dem Chris Baldo senge Lidder hu se just instrumental Stecker gespillt. Mat dëser Formatioun huet en zwou Singles opgeholl. Méi spéit ass de Grupp no engem Wiessel an der Besetzung a The Rocking Robins ëmgedeeft ginn.

1965 hunn awer e puer Membere vum Grupp opgehalen, an de Grupp gouf du vum Chris Baldo ganz opgeléist. En huet dunn nach mat enger däitscher Formatioun The Penny Saints probéiert mat Twist Erfolleg ze hunm, mä et huet net geklappt. Hien ass dofir zum Schlager zeréckkomm.

1966 huet en d'Lidder Chaque jour qui se lève an Ich bin nicht schuld an deinen Tränen opgeholl. Hien hat um Eurovision Song Contest 1968[2] zesumme mat der Sophie Garel zu London mat dem Lidd "Nous vivrons d'amour"[3] déi 11. Plaz mat 5 Punkten erreecht.

Aner Succèse vun him waren d'Lidder Pardon Rosalie (eng Adaptatioun vun Tender Years) an Eine Urlaubsliebe (Gewënner vum Grousse Präis vun RTL 1969).

De Chris Baldo war och eng Zäit laang Speaker beim lëtzebuergeschen a beim franséische (Les Nocturnes) Radiosprogramm vun RTL.

1982 ass hien déi lescht Kéier beim Bal des Copains opgetratt.

1993 huet den Andy Bausch hie fir säi Film Rockumentary - Thés dansants nach eng Kéier virun d'Kamera geholl. Iertemlecherweis ass en dat Joer och fir dout erkläert ginn, wat hien awer duerch de Film konnt widderleeën.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuck och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Luxemburger Lexikon 2006, Baldo, Chris, S. 33.
  2. Eurovision Song Contest 1968
  3. D'Lidd als Single