Tali Golergant

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Tali (Sängerin))
Tali Golergant
Gebuer 26. November 2000
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun International School of Luxembourg,
Marymount Manhattan College
Aktivitéit Sänger, Schauspiller, Dänzer

D'Tali Golergant, gebuer 2000 oder 2001 zu Jerusalem, Israel, bekannt als Tali, ass eng lëtzebuergesch Sängerin, Lidderschreiwerin, Schauspillerin a Gesangsléierin. Si soll Lëtzebuerg beim Eurovision Song Contest 2024 zu Malmö mat hirem Lidd Fighter representéieren.

Liewen a Carrière[änneren | Quelltext änneren]

D'Tali gouf zu Jerusalem als Duechter vun engem jiddesche Papp aus Peru an enger israeelescher Mamm gebuer[1]. Wéinst hirem Papp senger Aarbecht ass d'Famill wärend hirer Kandheet e puermol geplënnert. No 5 Méint an Israel hu se 4 Joer am Chile an duerno 7 Joer an Argentinie gelieft, ier se sech zu Lëtzebuerg néiergelooss hunn. D'Tali huet am Alter vu siwe Joer geléiert Piano ze spillen a mat 12 huet se ugefaange mat Sangen, Theater ze spillen a Lidder ze schreiwen[2].

Nom Ofschloss vun der International School of Luxembourg ass d'Tali an d'USA gaange fir Musekstheater um Marymount Manhattan College zu New York City ze studéieren[3] Si spillt reegelméisseg mat hirer Band op verschiddene Plazen zu New York[4]. Am Joer 2020 huet se hir éischt Single erausbruecht, Temporary, gefollegt 2021 vun hirer éischter EP, lose you .

Nieft hirer Aarbecht als Sängerin schafft si och als Gesangsproff, spillt am Theater a bei Musicals mat an hat eng Roll am Kuerzfilm Agua [4].

Am Dezember 2023 gouf d'Tali bei der Lëtzebuerger Virauswiel fir den Eurovision Song Contest 2024 als ee vun den 8 Finaliste beim Luxembourg Song Contest (LSC) selektionéiert. An der Finall de 27. Januar 2024 an der Rockhal gouf si op déi éischt Plaz gewielt. Si soll Lëtzebuerg mat hirem Lidd Fighter beim Eurovision Song Contest 2024 zu Malmö representéieren. [5]

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

E.P.[änneren | Quelltext änneren]

  • 2021: lose you

Singelen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2020: Temporary
  • 2020: By the Ivory
  • 2020: Mountains Between Us
  • 2021: lose you
  • 2021: at all
  • 2022: Garden of Eden
  • 2023: dancing alone
  • 2024: Fighter

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. אבי זייקנר: "אני גאה להיות ישראלית": ראיון עם הזמרת שעשויה לייצג את לוקסמבורג באירוויזיון. In: Euromix.co.il. Fr._Jan.2024u131 JJJJ (hebräesch).
  2. Meet Tali Golergant. In: CanvasRebel. Do._Dez.2023u1231 JJJJ (englesch).
  3. Voices (ISL Stories) - Meet Tali. In: International School of Luxembourg. (englesch).
  4. 4,0 4,1 TALI will front Luxembourg's return to Eurovision with 'Fighter'. In: Eurovision.tv. (englesch).
  5. Benjamin Hertlein: Luxemburgs Beitrag für den ESC 2024: „Fighter“ von TALI. In: Esc-kompakt.de. Sa._Jan.2024u131 JJJJ.