Lëscht vun de lëtzebuergesche Bäiträg beim Eurovision Song Contest
| Lëtzebuerg | ||||||||
| 1956–58, 1960–93, 2024 | ||||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
| ||||||||
|
Dësen Artikel gëtt eng Iwwersiicht vun alle lëtzebuergesche Bäiträg beim Eurovision Song Contest.
Lëtzebuerg ass ee vun de siwe Grënnungsmembere vum Eurovision Song Contest, deen 1956 déi éischt Kéier zu Lugano organiséiert gouf. Meeschtens huet de Grand-Duché Sängerinnen a Sänger aus Frankräich, der Belsch an aus Däitschland fir sech optriede gelooss. D'Lëtzebuerger Museker hunn och beim Grand Prix vertrueden, awer just zéngmol, an de Joren 1960, 1962, 1968, 1971, 1984, 1989, 1991, 1992, 1993 an 2024, a gewéinlech ouni grousse Succès. Zweemol (1960, 1992) hunn d'Lidder op Lëtzebuergesch gesongen, an am Joer 1993 war d'Lidd "Donne-moi une chance" béid op Franséisch a Lëtzebuergesch.
Fënnefmol huet Lëtzebuerg gewonnen: 1961 mam Jean-Claude Pascal (mam Lidd "Nous les amoureux"; 1965 mat der France Gall (mam Lidd "Poupée de cire, poupée de son", geschriwwe vum Serge Gainsbourg); 1972 huet d'Vicky Leandros bei hirer zweeter Participatioun fir Lëtzebuerg mam Lidd "Après toi" gewonnen; am Joer drop huet d'Anne-Marie David mat hirem Lidd "Tu te reconnaîtras" fir d'Land gewonnen. Fir d'lescht huet d'Corinne Hermès 1983 zu München mat "Si la vie est cadeau" gewonnen.
Lëtzebuerg huet no 1994 30 Joer laang net méi un der Eurovisioun deelgeholl. 2024 war et nees mat derbäi, mat der Tali a sengem Lidd Fighter.
Fotoen
[änneren | Quelltext änneren]- D'Solange Berry zu Hilversum (1958)
- De Camillo Felgen an der Stad (1962)
- D'France Gall zu Neapel (1965)
- Den David Alexandre Winter zu Amsterdam (1970)
- D'Sophie & Magaly zu Den Haag (1980)
- D'Laura Thorn zu Basel (2025)
- D'Eva Marija an der Halleffinall zu Wien (2026)