Eurovision Song Contest 1975

Vu Wikipedia
D'Grupp Teach-In, 1974
20. Eurovision Song Contest
Datum 22. Mäerz 1975
Stad Stockholm (Schweden)
Gebai Stockholmsmässan, Älvsjö
Gewënner Teach-In (Holland)
Zuel vu Länner 19
Nei Participatiounen Tierkei
Moderatioun Karin Falck
Interval Act The World of John Bauer
Ofstëmmungsreegel An all Land huet eng Jury 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder verginn.
Stockholmsmässan, Älvsjö, 2009

Den 20. Eurovision Song Contest war den 22. Mäerz 1975 a Schweden. Organiséiert gouf d'Eurovisioun dat Joer am Stockholmsmässan, Älvsjö zu Stockholm. Presantatrice war d'Karin Falck.

Als neit Land ass d'Tierkei derbäikomm, wouduerch awer Griicheland wéinst de Streidereien ëm Zypern tëscht deenen zwee Länner net méi wollt derbäi sinn. Am Ganzen hunn 19 Länner matgemaach.

D'Sängerin vun Norwegen, d'Ellen Nikolaysen, war schonn 1973 a 1974 derbäi als Deel vun de Bendik Singers.

D'Reegel fir d'Ofstëmmung ass nees geännert ginn an zwar sou wéi se am Prinzip haut nach ass: An all Land huet eng Jury 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder verginn. D'Resultater si per Telefon op Stockholm matgedeelt ginn.

Déi éischt Plaz kruten d'Vertrieder vun Holland, d'Grupp Teach-In, mat 14 Punkte Virsprong virum Grupp The Shadows (Groussbritannien). Déi drëtt Plaz krute Wess & Dori Ghezzi, déi fir Italien ugetruede waren.

Fir Holland war et déi véiert Kéier datt et de Grand Prix gewonnen hat.

Klassement[änneren | Quelltext änneren]

Plaz Land Interpret Titel Punkten
1. Holland Teach-In Ding-a-Dong 152
2. Groussbritannien The Shadows Let Me Be the One 138
3. Italien Wess & Dori Ghezzi Era 115
4. Frankräich Nicole Rieu Et bonjour à toi l'artiste 91
5. Lëtzebuerg Geraldine Toi 84
6. Schwäiz Simone Drexel Mikado 77
7. Finnland Pihasoittajat Old Man Fiddle 74
8. Schweden Lars Berghagen Jennie, Jennie 72
9. Irland The Swarbriggs That's what Friends Are For 68
10. Spuenien Sergio y Estíbaliz Tú volverás 53
11. Israel Shlomo Artzi At ve’ ani 40
12. Malta Renato Singing this Song 32
13. Jugoslawien Pepel in Kri Dan ljubezni 22
13. Monaco Sophie Une chanson c'est une lettre 22
15. Belsch Ann Christy Gelukkig zijn 17
16. Portugal Duarte Mendes Madrugada 16
17. Däitschland Joy Fleming Ein Lied kann eine Brücke sein 15
18. Norwegen Ellen Nikolaysen Touch My Life with Summer 11
19. Tierkei Semiha Yanki Seninle bir dakika 3

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Brighton (Groussbritannien) Den Haag (Holland)
ESC 1974 Eurovision Song Contest ESC 1976