Op den Inhalt sprangen

Eurovision Song Contest 1976

Vu Wikipedia
21. Eurovision Song Contest
Datum 3. Abrëll 1976
Stad Den Haag (Holland)
Gebai Congresgebouw
Gewënner Brotherhood of Man (Groussbritannien)
Zuel vu Länner 18
Nei Participatiounen Keng
Moderatioun Corry Brokken
Interval Act The Dutch Swing College Band
Ofstëmmungsreegel An all Land huet eng Jury 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder verginn.
D'Grupp Brotherhood of Man, 1977
Congressgebouw, 2010

Den 21. Eurovision Song Contest war den 3. Abrëll 1976 an Holland. Organiséiert gouf d'Eurovisioun dat Joer am Nederlands Congresgebouw zu Den Haag. Presantatrice war d'Corry Brokken, déi 1956, 1957 an 1958 selwer als Sängerin am Grand Prix matgemaach hat.

Malta, Schweden an d'Tierkei waren dëst Joer net dobäi. Am Ganzen hunn 18 Länner matgemaach.

Verschidde Sänger ware scho virdru mol eng Kéier dobäi, de Fredi fir Finnland 1967, d'Sandra Reemer fir Holland 1972, d'Anne-Karine Strøm fir Norwegen 1973 an als Deel vun de Bendik Singers fir Norwegen 1974 an d'Grupp Peter, Sue and Marc fir d'Schwäiz 1971.

D'Reegel fir d'Ofstëmmung ass d'selwecht bliwwe wéi dat Joer virdrun: An all Land huet eng Jury 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder verginn. D'Resultater si per Telefon op Den Haag matgedeelt ginn.

Déi éischt Plaz kruten d'Vertrieder vu Groussbritannien, d'Grupp Brotherhood of Man, mat 17 Punkte Virsprong virum Catherine Ferry (Frankräich). Déi drëtt Plaz krut d'Mary Cristy, déi fir Monaco ugetruede war.

Fir Groussbritannie war et déi drëtt Kéier datt et de Grand Prix gewonnen hat. D'Gewënnerlidd Save Your Kisses for Me ass sechsmilliounemol verkaaft ginn an ass domat dee bis elo erfollegsräichsten Eurovisiounshit.

PlazLandInterpretTitelPunkten
1.GroussbritannienBrotherhood of ManSave Your Kisses for Me164
2.FrankräichCatherine Ferry1, 2, 3147
3.MonacoMary CristyToi, la musique et moi93
4.SchwäizPeter, Sue & MarcDjambo, Djambo91
5.ÉisträichWaterloo & RobinsonMy Little World80
6.IsraelChocolate, Menta, MastikEmor shalom77
7.ItalienAl Bano & Romina PowerWe’ll Live It All Again69
8.BelschPierre RapsatJudy et cie68
9.HollandSandra ReemerThe Party Is Over56
10.IrlandRed Vincent HurleyWhen54
11.FinnlandFredi & FriendsPump-Pump44
12.PortugalRenatoCarlos do Carmo24
13.GriichelandMariza KochPanaghia mou, panaghia mou20
14.LëtzebuergJürgen MarcusChansons pour ceux qui s'aiment17
15.DäitschlandLes Humphries SingersSing Sang Song12
16.SpuenienBraulioSobran las palabras11
17.JugoslawienAmbasadoriNe mogu skriti svoju bol10
18.NorwegenAnne-Karine StrømMata Hari7
Stockholm (Schweden) London (Groussbritannien)
ESC 1975 Eurovision Song Contest ESC 1977