Marie Ruggeri

Vu Wikipedia
Marie Ruggeri
Pseudonym Marie-Christina, Mary Cristy
Gebuer 21. Juli 1952
Déifferdeng
Nationalitéit Frankräich, Lëtzebuerg, Italien
Aktivitéit Schauspiller, Sänger

D'Marie Ruggeri, gebuer den 21. Juli 1952 zu Déifferdeng, als Maria Christina Ruggeri, ass eng italieenesch Sängerin an Theaterschauspillerin.

D'Marie Ruggeri ass zu Mamer, wou hire Papp Entreprener war, grouss ginn. An de 60er Jore war si e Kannerstar zu Lëtzebuerg an an Däitschland wou si ënner de Pseudonymme Marie Tina a Marie Christina opgetrueden ass.

Am Ufank vun den 1970er Joren ass s'op Paräis geplënnert wou s'ënner dem Numm Mary Cristy ogetrueden ass, an an der Rockoper La Révolution Française vum Schönberg am Palais des Sports zu Paräis matgespillt huet.

1976 huet si Monaco beim 21. Eurovision Song Contest zu Den Haag vertrueden a koum mam Lidd Toi, la musique et moi op déi drëtt Plaz.

Si huet mat ville Sänger zesummen am Studio an op der Bün gesong wéi z. B. mam Claude François, Alain Souchon an Alain Barrière, souwéi a ville Reklammen.

An den 80er Joren huet si vill Doublagen a Filmer vum Frank Oz, Jean Cussac, Guy Pedersen a Georges Costa gemaach. Zur selwechter Zäit huet si sech ëmmer méi fir den Theater intresséiert, wat si schliisslech derzou bruecht huet sech 2004 zu Langres an der Haute-Marne z'installéieren an do d'Theatergrupp Compagnie Marie Ruggeri ze grënnen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]