Op den Inhalt sprangen

Eurovision Song Contest 1977

Vu Wikipedia
22. Eurovision Song Contest
Datum 7. Mee 1977
Stad London (Groussbritannien)
Gebai Wembley Conference Centre
Gewënner Marie Myriam (Frankräich)
Zuel vu Länner 18
Nei Participatiounen Keng
Moderatioun Angela Rippon
Interval Act Mr. Acker Bilk and his Paramount Jazz Men
Ofstëmmungsreegel An all Land huet eng Jury 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder verginn.
D'Gewënnerin Marie Myriam, 2007

Den 22. Eurovision Song Contest war de 7. Mee 1977 a Groussbritannien. Organiséiert gouf d'Eurovisioun dat Joer am Wembley Conference Centre zu London. Presantatrice war d'Angela Rippon.

Am Ganzen hunn 18 Länner matgemaach, Jugoslawien, Malta an d'Tierkei waren net dobäi. Tunesien wollt och matmaachen, huet sech awer kuerzfristeg nees zeréckgezunn well Israel dobäi war.

Ursprénglech sollt de Grand Prix schonn den 2. Abrëll sinn, mä duerch e Streik vun de Kameramänner an Techniker ass en ëm 5 Woche verluecht ginn.

Verschidde Sänger ware scho virdru mol eng Kéier dobäi, d'Grupp The Swarbriggs fir Irland 1975, d'Michèle Torr fir Lëtzebuerg 1966, d'Ilanit fir Israel 1973, d'Patricia Maessen, d'Bianca Maessen an d'Stella Maessen (allen dräi Dream Express) fir Holland 1970 deemools als Hearts of Soul, d'Beatrix Neudlinger an de Günter Grosslercher (Schmetterlinge) fir Éisträich 1972 deemools als The Milestones, de Fernando Tordo (Os Amigos) fir Portugal 1973 an de Paulo de Carvalho (Os Amigos) fir Portugal 1974.

Et war och nees decidéiert ginn, dat all Interpret nëmmen a senger offizieller Sprooch däerft sangen, allerdéngs ass fir Däitschland an d'Belsch eng Ausnam gemaach ginn, well hiert Lidd scho selektionéiert war éier d'Reegel geännert gi war.

D'Reegel fir d'Ofstëmmung ass d'selwecht bliwwe wéi dat Joer virdrun: An all Land huet eng Jury 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder verginn. D'Resultater si per Telefon op London matgedeelt ginn.

Déi éischt Plaz krut d'Vertriederin vu Frankräich, d'Marie Myriam, mat 15 Punkte Virsprong virum Lynsey de Paul a Mike Moran (Groussbritannien). Déi drëtt Plaz krut d'Grupp The Swarbriggs Plus Two, déi fir Irland ugetruede war.

Fir Frankräich war et déi fënneft Kéier datt et de Grand Prix gewonnen hat.

PlazLandInterpretTitelPunkten
1.FrankräichMarie MyriamL'oiseau et l'enfant136
2.GroussbritannienLynsey de Paul & Mike MoranRock Bottom121
3.IrlandThe Swarbriggs Plus TwoIt's Nice to Be in Love again119
4.MonacoMichèle TorrUne petite française96
5.GriichelandPascalis, Marianna, Robert a BessyMathema Solfege92
6.SchwäizPepe Lienhard BandSwiss Lady71
7.BelschDream ExpressA Million in One, Two, Three69
8.DäitschlandSilver ConventionTelegram55
9.SpuenienMickyEnseñame a cantar52
10.FinnlandMonica AspelundLapponia50
11.IsraelIlanitAhava hi shir lishnayim49
12.HollandHeddy LesterDe mallemolen35
13.ItalienMia MartiniLibera32
14.PortugalOs AmigosPortugal no coração19
15.NorwegenAnita SkorganCasanova18
16.LëtzebuergAnne-Marie B.Frère Jacques17
17.ÉisträichSchmetterlingeBoom Boom Boomerang11
18.SchwedenForbesBeatles2
Den Haag (Holland) Paräis (Frankräich)
ESC 1976 Eurovision Song Contest ESC 1978