Op den Inhalt sprangen

Eurovision Song Contest 1981

Vu Wikipedia
26. Eurovision Song Contest
Datum 4. Abrëll 1981
Stad Dublin (Irland)
Gebai Simmonscourt Pavilion an der Royal Dublin Society
Gewënner Bucks Fizz (Groussbritannien)
Zuel vu Länner 20
Nei Participatiounen Zypern
Moderatioun Doireann Ní Bhríain
Interval Act Planxty mat "Timedance"
Ofstëmmungsreegel An all Land huet eng Jury 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder verginn.

De 26. Eurovision Song Contest war de 4. Abrëll 1981 an Irland. E gouf dat Joer am Simmonscourt Pavilion an der Royal Dublin Society zu Dublin organiséiert. Presentatrice war d'Doireann Ní Bhríain.

Zypern ass nei derbäikomm an am Ganzen hunn 20 Länner matgemaach. Malta, Monaco an Italie waren net derbäi.

Verschidde Sänger ware scho virdru mol eng Kéier derbäi, de Marty Brem fir Éisträich (Deel vu Blue Danube 1980, den Tommy Seebach fir Dänemark 1979, de Jean-Claude Pascal fir Lëtzebuerg 1961, de Björn Skifs fir Schweden 1978, d'Grupp Peter, Sue and Marc fir d'Schwäiz 1971, 1976 an 1979, d'Maxi (Deel vum Grupp Sheeba) fir Irland 1973 an d'Cheryl Baker (Deel vum Grupp Bucks Fizz) fir Groussbritannien 1978 (Deel vum Grupp Co-Co).

D'Reegel fir d'Ofstëmmung ass d'selwecht bliwwe wéi déi Jore virdrun: An all Land huet eng Jury 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder verginn. D'Resultater si per Telefon op Dublin matgedeelt ginn.

Déi éischt Plaz kruten d'Vertrieder vu Groussbritannien, d'Grupp Bucks Fizz, mat 4 Punkte Virsprong virum Lena Valaitis (Däitschland). Déi drëtt Plaz krut de Jean Gabilou, dee fir Frankräich ugetruede war.

Fir Groussbritannie war et déi véiert Kéier datt et de Grand Prix gewonnen hat. D'Gewënnergrupp Bucks Fizz war extra fir d'Eurovisioun gegrënnt ginn. Hiert Lidd ass e groussen Erfolleg ginn a se hunn och duerno nach weidergemaach an aner Lidder opgeholl.

PlazLandInterpretTitelPunkten
1.GroussbritannienBucks FizzMaking Your Mind Up136
2.DäitschlandLena ValaitisJohnny Blue132
3.FrankräichJean GabilouHumanahum125
4.SchwäizPeter, Sue & MarcIo senza te121
5.IrlandSheebaHoroscopes105
6.ZypernIslandMonica69
7.IsraelHakol Over HabibiHalajla56
8.GriichelandGiannis DimitrasFeggari kalokerino55
9.HollandLinda WilliamsHet is een wonder51
10.SchwedenBjörn SkifsFångad i en dröm50
11.LëtzebuergJean-Claude PascalC'est peut-être pas l'Amérique41
11.DänemarkDebbie Cameron an Tommy SeebachKrøller eller ej41
13.BelschEmly StarrSamson40
14.SpuenienBacchelliY sólo tú38
15.JugoslawienSeid MemićLajla35
16.FinnlandRiki SorsaReggae ok27
17.ÉisträichMarty BremWenn du da bist20
18.TierkeiModern Folk Trio an AyşegülDönme dolap9
18.PortugalCarlos PaiãoPlayback9
20.NorwegenFinn KalvikAldri i livet0
 Commons: Eurovision Song Contest 1981 – Biller, Videoen oder Audiodateien
Den Haag (Holland) Harrogate (Groussbritannien)
ESC 1980 Eurovision Song Contest ESC 1982