Eurovision Song Contest 1980

Vu Wikipedia
25. Eurovision Song Contest
Datum 19. Abrëll 1980
Stad Den Haag (Holland)
Gebai Nederlands Congresgebouw
Gewënner Johnny Logan (Irland)
Zuel vu Länner 19
Nei Participatiounen Marokko
Moderatioun Marlous Fluitsma
Interval Act The Dutch Rhythm Steel and Show Band
Ofstëmmungsreegel An all Land huet eng Jury 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder verginn.
De Gewënner Johnny Logan
Congressgebai, 2010

De 25. Eurovision Song Contest war den 19. Abrëll 1980 an Holland. Organiséiert gouf d'Eurovisioun dat Joer am Nederlands Congresgebouw zu Den Haag. Presantatrice war d'Marlous Fluitsma. Holland huet d'Organisatioun vun der Eurovisioun dat Joer iwwerholl, well de Gewënner vum Joer virdrun, Israel, se net wollt fir d'zweet hannereneen organiséieren. Fir d'Käschte méi kleng ze halen hunn d'Hollänner eng manner pompös Versioun organiséiert.

Marokko ass nei derbäikomm, am Ganzen hunn 19 Länner matgemaach. Jugoslawien, Malta, Monaco an Israel waren net dobäi. Et war fir d'éischt (a fir d'lescht bis elo) dat mat Marokko e Land vum afrikanesche Kontinent matgemaach huet.

Verschidde Sänger ware scho virdru mol eng Kéier dobäi, d'Katja Ebstein fir Däitschland 1970 a 1971, d'Paola del Medico fir d'Schwäiz 1969 an d'Maggie MacNeal (als Deel vum Grupp Mouth & MacNeal) fir Holland 1974.

D'Reegel fir d'Ofstëmmung ass d'selwecht bliwwe wéi dat Joer virdrun: An all Land huet eng Jury 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder verginn. D'Resultater si per Telefon op Den Haag matgedeelt ginn.

Déi éischt Plaz krut de Vertrieder vun Irland, de Johnny Logan, mat 15 Punkte Virsprong virum Katja Ebstein (Däitschland). Déi drëtt Plaz krut d'Grupp Prima Donna, déi fir Groussbritannien ugetruede war.

Fir Irland war et déi zweet Kéier datt et de Grand Prix gewonnen hat.

Klassement[änneren | Quelltext änneren]

Plaz Land Interpret Titel Punkten
1. Irland Johnny Logan What's Another Year? 143
2. Däitschland Katja Ebstein Theater 128
3. Groussbritannien Prima Donna Love Enough for Two 106
4. Schwäiz Paola Cinéma 104
5. Holland Maggie MacNeal Amsterdam 93
6. Italien Alan Sorrenti Non so che darei 87
7. Portugal José Cid Um grande, grande amor 71
8. Éisträich Blue Danube Du bist Musik 64
9. Lëtzebuerg Sophie & Magaly Papa Pingouin 56
10. Schweden Tomas Ledin Just nu 47
11. Frankräich Profil He, he m'ssieurs dames 45
12. Spuenien Trigo Limpio Quédate esta noche 38
13. Griicheland Anna Vissi and the Epikouri Autostop 30
14. Dänemark Bamses Venner Tænker altid på dig 25
15. Tierkei Ajda Pekkan Petr’ oil 23
16. Norwegen Sverre Kjelsberg a Mattis Hætta Sámiid ædnan 15
17. Belsch Telex Euro-vision 14
18. Marokko Samira Bensaïd Bitakat hob 7
19. Finnland Vesa-Matti Loiri Huilumies 6

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Eurovision Song Contest 1980 – Biller, Videoen oder Audiodateien
Jerusalem (Israel) Dublin (Irland)
ESC 1979 Eurovision Song Contest ESC 1981