Op den Inhalt sprangen

Eurovision Song Contest 1982

Vu Wikipedia
27. Eurovision Song Contest
Datum 24. Abrëll 1982
Stad Harrogate (Groussbritannien)
Gebai Harrogate Conference Centre
Gewënner Nicole (Däitschland)
Zuel vu Länner 18
Nei Participatiounen Keng
Moderatioun Jan Leeming
Interval Act Biller aus Yorkshire a vum Haward Castle
Ofstëmmungsreegel An all Land huet eng Jury 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder verginn.
D'Gewënnerin Nicole, 2007

De 27. Eurovision Song Contest war de 24. Abrëll 1982 a Groussbritannien. Organiséiert gouf d'Eurovisioun dat Joer am Harrogate Conference Centre zu Harrogate. Presantatrice war d'Jan Leeming.

Am Ganzen hunn 18 Länner matgemaach. Malta, Monaco, Italien, Griicheland a Frankräich waren net dobäi.

Verschidde Sänger ware scho virdru mol eng Kéier derbäi, d'Stella Maessen fir d'Belsch 1970 (Deel vun Hearts of Soul) an 1977 (Deel vun Dream Express), d'Anna Vissi fir Zypern 1980, d'Anita Skorgan fir Norwegen 1977 an 1979, de Jahn Teigen fir Norwegen 1978, d'Fatima Padinha an d'Teresa Miguel (béid Deel vun Doce) fir Portugal 1978 (Deel vu Gemini) an d'Sally Ann Triplett (Deel vu Bardo) fir Groussbritannien 1980 (Deel vu Prima Donna).

D'Reegel fir d'Ofstëmmung ass d'selwecht bliwwe wéi déi Jore virdrun: An all Land huet eng Jury 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder verginn. D'Resultater si per Telefon op Harrogate matgedeelt ginn.

Déi éischt Plaz krut d'Vertriederin vun Däitschland, d'Nicole, mat 61 Punkte Virsprong virum Avi Toledano (Israel). Déi drëtt Plaz krut d'Arlette Zola, déi fir d'Schwäiz ugetruede war.

Fir Däitschland war et déi éischt Kéier datt et de Grand Prix gewonnen hat. D'Lidd ass europawäit e groussen Erfolleg ginn.

PlazLandInterpretTitelPunkten
1.DäitschlandNicoleEin bißchen Frieden161
2.IsraelAvi ToledanoHora100
3.SchwäizArlette ZolaAmour on t'aime97
4.BelschStellaSi tu aimes ma musique96
5.ZypernAnna VissiMono i agapi85
6.LëtzebuergSvetlanaCours après le temps78
7.GroussbritannienBardoOne Step Further76
8.SchwedenChipsDag efter dag68
9.ÉisträichMessSonntag57
10.SpuenienLucíaÉl52
11.IrlandThe DuskeysHere Today, Gone Tomorrow49
12.NorwegenJahn Teigen an Anita SkorganAdieu40
13.PortugalDoceBem bom32
14.JugoslawienAskaHalo, halo21
15.TierkeiNeçoHani?20
16.HollandBill van DijkJij en ik8
17.DänemarkBrixxVideo, video5
18.FinnlandKojoNuku pommiin0
 Commons: Eurovision Song Contest 1982 – Biller, Videoen oder Audiodateien
Dublin (Irland) München (Däitschland)
ESC 1981 Eurovision Song Contest ESC 1983