Park Café

Vu Wikipedia

Park Café war eng lëtzebuergesch Popgrupp, déi 1986 vum Gast Waltzing ënner dem Numm Parc Café gegrënnt ginn ass. D'Haaptzil dovu war, senger Fra Maggie Parke et z'erméiglechen, hir Kreativitéit voll z'entfalen. Déi aner Museker am Grupp, ausser dem Maggy, waren am Ufank déi selwecht wéi am Grupp Atmosphere, awer de Musekstil war e ganz anere wéi bei Atmosphere. D'Grupp ass op verschiddene Concerten och nach mat zousätzleche Museker opgetrueden, dorënner och d'Marion Welter.

Den 20. Juni 1987 war um Glacis e groussen internationalen Open-Air-Concert ënner dem Motto "L'Europe en musique", organiséiert vun der lëtzebuergescher Regierung, der EG an der CLT. Park Café huet dobäi Lëtzebuerg vertrueden an hat e groussen Erfolleg bei zirka 20 000 Leit am Publikum. Duerch dësen Optrëtt krute se e Kontrakt bei der Firma BMG.

1989 sinn et e puer Ëmbesetzungen an der Grupp ginn. Den Numm vun der Grupp ass vu Parc Café op Park Café geännert ginn.

Si huet Lëtzebuerg 1989 um Eurovision Song Contest zu Lausanne an der Schwäiz vertrueden. Mat dem Lidd "Monsieur" ass si dobäi op déi 20. (drëttlescht) Plaz komm[1].

1990 hunn nees 3 Leit d'Grupp verlooss. Et blouf en haarde Kär mat Maggy Parke, Gast Waltzing, Rom Heck a Rainer Kind am Grupp, déi aner Museker ware fir all Aktivitéit austauschbar.

1992 gouf déi lescht CD opgeholl an hat groussen Erfolleg. Trotzdeem gouf et vun 1993 u keen Optrëtt méi. D'Ursaach war Zäitmangel wéinst anere musikaleschen Aktivitéite vum Gast Waltzing a Maggy Parke.

D'Band[änneren | Quelltext änneren]

  • Maggie Parke
  • Gast Waltzing
  • Atmosphere (Besetzung bei der Grënnung: Jean-Jacques Wathgen, Alain Lenners, Romain Heck, Jitz Jeitz, Patrick Hartert)

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

  • 1986, Thrilled to Escape (MC)
  • 1986, Parc Café (Maxi-Single)
  • 1987, Parc Café (Cd/LP)
  • 1987, I want your Magic back/You (Single)
  • 1989, Monsieur (Single)
  • 1989, Living in Tooneland/You (Single)
  • 1990, Won't fall again (CD/MC)
  • 1990, Good time boy (Single)
  • 1991, Rock um Knuedler Vol. 1 (Lidd 7 an 8) (CD)
  • 1992, Never close your eyes (CD)
  • 1992, Rock um Knuedler Vol. 2 (Lidd 13 a 14) (CD)

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Lausanne 1989