Lara Fabian
| Lara Fabian | |
|---|---|
|
| |
| Gebuertsnumm | Lara Sophie Katy Crokaert |
| Gebuer |
9. Januar 1970 Etterbeek |
| Alter | 56 Joer |
| Nationalitéit | Kanada, Belsch |
| Educatioun | Conservatoire royal vu Bréissel |
| Aktivitéit | Sängerin, Lidderméchesch, Schauspillerin, Musekerin |
| Famill | |
| Bestuet mat | Gabriel Di Giorgio (28.6.2013–) |
| Liewenspartner(in) |
Rick Allison (1990–17.3.2003), Gérard Pullicino (2006–11.2012) |
| Websäit | https://www.larafabian.com/ |
|
| |
D'Lara Fabian, gebuer als Lara Sophie Katy Crokaert den 9. Januar 1970 zu Etterbeek, ass eng belsch Sängerin. Zënter 1996 huet si och déi kanadesch Nationalitéit. Si huet hir Karriär 1986 ugefaange wéi se de Concours Tremplin de la musique vum Festival de Wallonie gewonnen huet.
Si huet Lëtzebuerg beim Eurovision Song Contest 1988 zu Dublin mam Lidd Croire vertrueden a koum mat 90 Punkten op déi 4. Plaz.[1] 2006 huet si fir d'éischt an hirer Karriär e Concert zu Lëtzebuerg ginn an zwar an der Philharmonie Lëtzebuerg am Kader vun hirer Tournée Un Regard 9
Si séngt an e puer Sproochen (Franséisch, Englesch, Däitsch, Italieenesch, Portugisesch, Spuenesch, Russesch, Hebräesch, Tierkesch) an huet iwwer 20 Millioune Placke verkaaft.
Si war 2018 an 2019 Coach vun der Sendung La Voix (The Voice) am Québec. 2020 huet si déi Roll dunn och a Frankräich bei The Voice iwwerholl. 2021 an 2022 war si Directrice vun der Star Academie am Québec. Si war duerno (2024) nach Coach bei The Voice Kids a Frankräich a koum am Joer 2026 nees zeréck bei The Voice a Frankräich.
Am Joer 2025 an 2026 ass si mat der Tour Je suis là ënnerwee. Am Dezember 2025 hat si hiren éischte Concert an der Accor Arena zu Paräis; wéinst dem groussen Erfolleg gouf am Mäerz 2026 do en zweete Concert organiséiert. Am Kader vun der selwechter Tournée trëtt si am Oktober 2026 an der Rockhal zu Esch-Uelzecht op.
Discographie
[änneren | Quelltext änneren]Studio-Albumen
[änneren | Quelltext änneren]- 1991: Lara Fabian
- 1994: Carpe Diem
- 1996: Pure
- 1999: Lara Fabian
- 2001: Nue
- 2004: A Wonderful Life
- 2005: 9
- 2009: Toutes les femmes en moi
- 2009: Every Woman In Me
- 2010: Mademoiselle Zhivago
- 2010: Best of
- 2011: Je me souviens
- 2013: Le secret
- 2015: Ma vie dans la tienne
- 2017: Camouflage
- 2019: Papillon
- 2020: Lockdown Sessions
- 2024: Je suis là
Live Albumen
[änneren | Quelltext änneren]- 1998: Lara Fabian Live 98
- 2002: Live 2002
- 2003: Lara Fabian: Live En Toute Intimité
- 2006: Un Regard 9 / Live
- 2011: Toutes les femmes en moi font leur show
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Lara Fabian – Biller, Videoen oder Audiodateien |
