Eurovision Song Contest 1988

Vu Wikipedia
33. Eurovision Song Contest
Datum 30. Abrëll 1988
Stad Dublin (Irland)
Gebai Simmonscourt Pavillon vun der Royal Dublin Society
Gewënner Céline Dion (Schwäiz)
Zuel vu Länner 21
Nei Participatiounen Keng
Moderatioun Pat Kenny a Michelle Rocca
Interval Act Hothouse Flowers
Ofstëmmungsreegel An all Land huet eng Jury 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder verginn.
D'Gewënnerin Céline Dion, 2008

Den 33. Eurovision Song Contest war den 30. Abrëll 1988 an Irland. Organiséiert gouf d'Eurovisioun dat Joer am Simmonscourt Pavillon vun der Royal Dublin Society zu Dublin. Presentateure waren de Pat Kenny an d'Michelle Rocca.

Am Ganzen hunn 21 Länner matgemaach. Malta, Monaco an Zypern waren net dobäi. Zypern wollt zwar ursprenglech matmaachen, mä hire Bäitrag war scho viru Jore mol verëffentlecht ginn. Se konnten dofir a leschter Minutt net matmaache well dat no de Reegelen net erlaabt war.

Verschidde Sänger ware scho virdru mol eng Kéier dobäi, d'Kirsten & Søren (Hot Eyes) fir Dänemark 1984 a 1985, d'Grupp Boulevard fir Finnland 1987, d'Yardena Arazi fir Israel 1976 (Deel vu Chocolat, Menta, Mastik), d'Dora fir Portugal 1986, den Tommy Körberg fir Schweden 1969 an d'Grupp MFÖ fir d'Tierkei 1985.

D'Reegel fir d'Ofstëmmung ass d'selwecht bliwwe wéi déi Jore virdrun: An all Land huet eng Jury 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder verginn. D'Resultater si per Telefon op Dublin matgedeelt ginn.

Déi éischt Plaz krut d'Vertriederin vun der Schwäiz, d'Céline Dion mat 1 Punkt Virsprong virum Scott Fitzgerald (Groussbritannien). Déi drëtt Plaz krut de Grupp Hot Eyes, dee fir Dänemark ugetruede war.

Fir d'Schwäiz war et déi zweet Kéier datt et de Grand Prix gewonnen hat. Fir d'Gewënnerin Céline Dion war et de Start fir hir weltwäit Carrière. Bis dohi war se nëmmen a Frankräich an a Kanada bekannt.

Och fir d'Lara Fabian, déi fir Lëtzebuerg ugetruede war, war d'Eurovisioun de Start fir eng erfollegräich Karriär.

Klassement[änneren | Quelltext änneren]

Plaz Land Interpret Titel Punkten
1. Schwäiz Céline Dion Ne partez pas sans moi 137
2. Groussbritannien Scott Fitzgerald Go 136
3. Dänemark Hot Eyes Ka’ du se hva’ jeg sa'? 92
4. Lëtzebuerg Lara Fabian Croire 90
5. Norwegen Karoline Krüger For vår jord 88
6. Jugoslawien Srebrna Krila Mangup 87
7. Israel Yardena Arazi Ben adam 85
8. Irland Jump the Gun Take Him Home 79
9. Holland Gerard Joling Shangri-La 70
10. Frankräich Gérard Lenorman Chanteur de charme 64
11. Spuenien La Década Prodigiosa La chica que yo quiero („Made in Spain“) 58
12. Schweden Tommy Körberg Stad i ljus 52
12. Italien Luca Barbarossa Ti scrivo 52
14. Däitschland Maxi & Chris Garden Lied für einen Freund 48
15. Tierkei MFÖ Sufi („Hey ya hey“) 37
16. Island Beathoven Sókrates 20
17. Griicheland Afroditi Fryda Kloun 10
18. Belsch Reynaert Laissez briller le soleil 5
18. Portugal Dora Voltarei 5
20. Finnland Boulevard Nauravat silmät muistetaan 3
21. Éisträich Wilfried Lisa Mona Lisa 0

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Eurovision Song Contest 1988 – Biller, Videoen oder Audiodateien
Bréissel (Belsch) Lausanne (Schwäiz)
ESC 1987 Eurovision Song Contest ESC 1989