Op den Inhalt sprangen

Eurovision Song Contest 1985

Vu Wikipedia
De Gewënner-Duo Bobbysocks, 2010
30. Eurovision Song Contest
Datum 4. Mee 1985
Stad Göteborg (Schweden)
Gebai Scandinavium
Gewënner Bobbysocks (Norwegen)
Zuel vu Länner 19
Nei Participatiounen Keng
Moderatioun Lill Lindfors
Interval Act Guitars Unlimited mat schweedeschen Evergreens
Ofstëmmungsreegel An all Land huet eng Jury 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder verginn.
Scandinavium, 2005

Den 30. Eurovision Song Contest war de 4. Mee 1985 a Schweden. Organiséiert gouf d'Eurovisioun dat Joer am Scandinavium zu Göteborg. Et war déi gréisst a modernst Hal déi bis dohi fir de Grand Prix gebraucht gi war. Presantatrice war d'Lill Lindfors.

Am Ganzen hunn 19 Länner matgemaach. Malta, Monaco, Holland a Jugoslawien waren net dobäi.

Verschidde Sänger ware scho virdru mol eng Kéier dobäi, de Gary Lux fir Éisträich 1983 (Deel vu Westend), d'Lia Vissi fir Zypern 1980 (Deel vun Epikouri, fir Griicheland), d'Grupp Hot Eyes fir Dänemark 1984, den Izhar Cohen fir Israel 1978, den Al Bano & Romina Power fir Italien 1976, d'Ireen Sheer fir Lëtzebuerg 1974 a 1978 (fir Däitschland), d'Hanne Krogh (Deel vu Bobbysocks) fir Norwegen 1971, d'Elisabeth Andreassen (Deel vu Bobbysocks) fir Norwegen 1982 (Deel vu Chips, fir Schweden), d'Kikki Danielsson fir Schweden 1982 (Deel vu Chips), de Pino Gasparini fir d'Schwäiz 1977 (Deel vun der Pepe Lienhard Band) an d'Mariella Farré fir d'Schwäiz 1983.

D'Reegel fir d'Ofstëmmung ass d'selwecht bliwwe wéi déi Jore virdrun: An all Land huet eng Jury 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder verginn. D'Resultater si per Telefon op Göteborg matgedeelt ginn.

Déi éischt Plaz kruten d'Vertrieder vu Norwegen, den Duo Bobbysocks (Hanne Krogh an Elisabeth Andreassen), mat 18 Punkte Virsprong virum Grupp Wind (Däitschland). Déi drëtt Plaz krut d'Kikki Danielsson, déi fir Schweden ugetruede war.

Fir Norwege war et déi éischt Kéier datt et de Grand Prix gewonnen hat.

PlazLandInterpretTitelPunkten
1.NorwegenBobbysocksLa det swinge123
2.DäitschlandWindFür alle105
3.SchwedenKikki DanielssonBra vibrationer103
4.GroussbritannienVikkiLove Is …100
5.IsraelIzhar CohenOlé, olé93
6.IrlandMaria ChristianWait Until the Weekend Comes91
7.ItalienAl Bano a Romina PowerMagic, Oh Magic78
8.ÉisträichGary LuxKinder dieser Welt60
9.FinnlandSonja LummeEläköön elämä58
10.FrankräichRoger BensFemme, dans ses rêves aussi56
11.DänemarkHot EyesSku' du spørg' fra no'en?41
12.SchwäizMariella Farré a Pino GaspariniPiano, piano39
13.LëtzebuergMargo, Franck Olivier,
Diane Solomon, Ireen Sheer
Malcolm Roberts, Chris Roberts
Children, Kinder, enfants37
14.SpuenienPaloma San BasilioLa fiesta terminó36
14.TierkeiMFÖai didai dai36
16.ZypernLia VissiTo katalava arga15
16.GriichelandTakis BiniarisMiazoume15
18.PortugalAdelaidePenso em ti - Eu sei9
19.BelschLinda LepommeLaat me nu gaan7
 Commons: Eurovision Song Contest 1985 – Biller, Videoen oder Audiodateien
Lëtzebuerg (Lëtzebuerg) Bergen (Norwegen)
ESC 1984 Eurovision Song Contest ESC 1986