Malcolm Roberts

Vu Wikipedia
Malcolm Roberts
Gebuer 31. Mäerz 1944
Manchester
Gestuerwen 7. Februar 2003
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Sänger

De Malcolm Roberts, gebuer den 31. Mäerz 1944 zu Manchester a gestuerwen de 7. Februar 2003 zu Addlestone, war e brittesche Sänger.

An den 1960er Jore war de Malcolm Roberts als Schauspiller a Musicalduersteller aktiv. Hien huet Haaptrollen an de Musicals West Side Story a Maggie May gespillt. Seng éischt Single, Time Alone Will Tell vun 1967 ass an d'UK-Charts komm. Och d'Lidder May I have the next dream with you (1968) a virun allem Love is All (1969) sinn Hitte ginn. Mat Love is All hat en 1969 e formidabelen Optrëtt beim Festival International de Canção zu Rio de Janeiro. Weider Optrëtt an Nord- a Südamerika waren d'Folleg dovun.

Hien huet Lëtzebuerg als Deel vun engem Sextett beim Eurovision Song Contest 1985 zu Göteborg vertrueden. Mam franséische Lidd "Children, Kinder, enfants" koum d'Grupp mat 37 Punkten op déi 13. Plaz.[1]

1991 huet e bei der brittescher Virentscheedung vum Grand Prix Eurovision mat engem selwer geschriwwene Lidd One Love matgemaach ouni awer selektionéiert ze ginn.

De Malcolm Roberts ass 2003 duerch en Herzinfarkt no bei sengem Wunnuert gestuerwen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Eurovision Song Contest 1985