Sophie Garel
Ausgesinn
| Sophie Garel | |
|---|---|
| Gebuertsnumm | Lucienne Gabrielle Garcia |
| Gebuer |
22. Abrëll 1942 Oran |
| Gestuerwen |
14. Mee 2026 Saint-Cloud |
| Alter | 84 Joer |
| Nationalitéit | Frankräich |
| Aktivitéit | Fernseemoderatorin, Radiosspeakerin, Sängerin |
| Famill | |
| Liewenspartner(in) | Jean Yanne |
|
| |
D'Sophie Garel, gebuer als Lucienne Garcia den 22. Abrëll 1942 zu Oran (Algerien), a gestuerwen de 14. Mee 2026[1], war eng franséisch Sängerin, Radiosspeakerin a Fernseemoderatorin. Si huet hir Karriär 1960 ugefaangen.
Si huet Lëtzebuerg beim Eurovision Song Contest 1968 zu London zesumme mam Chris Baldo mam Lidd "Nous vivrons d'amour" vertrueden. Se koumen op déi 11. Plaz mat 5 Punkten[2].
Enn den 1970er Jore stoung d'Sophie Garel fir Télé Luxembourg virun der Kamera, ma hat och e puer Joer méi spéit Emissiounen op RTL Télévision an RTL TVI a Frankräich. Bis 2007 huet si nach Chroniken op France 2 gemaach an hat och Optrëtter op Europe 1. Bis 2021 hat si och no hirer Pensioun nach ëmmer nees Gaaschtoptrëtter um Radio.[3]
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ (fr) Sophie Garel, animatrice et voix emblématique de RTL est morte à l'âge de 84 ans. RTL.fr (14.05.2026). Gekuckt de 14.05.2026.
- ↑ Eurovision Song Contest 1968
- ↑ "Bekannt franséisch Radiostëmm a Lëtzebuerger Vertriederin beim ESC Sophie Garel gestuerwen." rtl.lu, 14.05.2026.
