Op den Inhalt sprangen

Jean Yanne

Vu Wikipedia
Jean Yanne
Gebuertsnumm Jean Roger Gouyé
Gebuer 18. Juli 1933
Les Lilas
Gestuerwen 23. Mee 2003
Morsains
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Centre de formation des journalistes,
Lycée Chaptal
Aktivitéit Schauspiller, Regisseur, Komponist, Dréibuchauteur, Komiker, Sänger, Filmproduzent, Filmschauspiller, Filmregisseur, Songwriter, Organist, Televisiounsschauspiller
Famill
Bestuet mat Mimi Coutelier
Liewenspartner(in) Christianne Fugger von Babenhausen, Mimi Coutelier, Nicole Calfan, Sophie Garel

De Jean Yanne, gebuer als Jean Roger Gouyé den 18. Juli 1933 zu Les Lilas, a gestuerwen den 23. Mee 2003 zu Morsains, war e franséische Journalist, Schauspiller, Dréibuchauteur, Filmregisseur, Filmproduzent an Auteur.

De Jean Yanne huet säi Beruffsliewen als Journalist ugefaangen. Duerno ass hie mat Sketcher am Cabaret opgetrueden an huet Theater gespillt. Hien hat 1964 mam Film La vie l'envers vum Alain Jessua säin Duerchbroch beim Film.

Seng wichtegst Rollen als Schauspiller hat hien an de Filmer Que la bête meure (1969) an a Le boucher, allen zwéi vum Claude Chabrol. Hien huet awer och an anere bedeitende Filmer wéi Week-end (1967) vum Jean-Luc Godard, Nous ne vieillirons pas ensemble (1972) vum Maurice Pialat, Le paltoquet (1986) vum Michel Deville a Le hussard sur le toit (1995) vum Jean-Paul Rappeneau matgespillt.

Hien huet och siwe Kinosfilmer als Regisseur gedréint.

als Schauspiller

[änneren | Quelltext änneren]

vun 1952 bis 1969

[änneren | Quelltext änneren]

vun 1970 bis 1979

[änneren | Quelltext änneren]

vun 1980 bis 1989

[änneren | Quelltext änneren]

vun 1990 bis 1999

[änneren | Quelltext änneren]

vun 2000 bis 2003

[änneren | Quelltext änneren]

als Regisseur

[änneren | Quelltext änneren]
  • 1972: Tout le monde il est beau, tout le monde il est gentil
  • 1972: Moi y’en a vouloir des sous
  • 1974: Les Chinois à Paris
  • 1975: Chobizenesse
  • 1979: Je te tiens, tu me tiens par la barbichette
  • 1982: Deux heures moins le quart avant Jésus-Christ
  • 1985: Liberté, égalité, choucroute