Centre de formation des journalistes

Vu Wikipedia
Centre de formation des journalistes
Typ Journalisteschoul, Héichschoul
Land Frankräich
Ënnersteet der/dem Universitéit Panthéon-Assas
Gegrënnt 1946
Um Spaweck https://www.cfjparis.com/

De Centre de formation des journalistes (CFJ) ass eng franséisch Privatschoul fir Journalissem. D'Schoul ass zu Paräis op N°35 an der Rue du Louvre.

D'Schoul ass Member vun der Conférence des grandes écoles, an et kann een do en Diplom um Niveau II maachen, dee vum franséische Ministère de l'Enseignement supérieur et de la Recherche unerkannt ass.

De Verwaltungsrot ass presidéiert vum Henri Pigeat, fréiere President vun der Agence France-Presse, an Direkter ass de Jounalist Christophe Deloire.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den CFJ gouf den 11. Juli 1946 vu franséische Resistenzler gegrënnt, mat un der Spëtz de Philippe Viannay an de Jacques Richet[1].

Eng schlecht Finanzlag 1998 huet e Changement vun der Struktur mat sech bruecht. Op Initiativ vun der Claire Richet, dem Bernard Pivot, an dem Pierre Lescure, hu fréier Schüler d'Assosiatioun « CFJ-Demain » gegrënnt fir d'Schoull virun der Liquidatioun ze retten. Trotz méi héijen Inscriptiounskäschte steet de Centre de formation 2002 erëm virun engem Depot vum Bilan.

Am Juli 2003 iwwerhëlt d'Grupp EFE deen an der Ausbildung am Steierrecht, an an der Communicatioun spezialiséiert ass, den CFJ zesumme mat dem CPJ an dem CIM.

Fréier Studenten[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. (fr) « Le CFJ: plus de 60 ans d'histoire » op der offizieller Säit vum Centre de formation des journalistes