Marion Welter

Vu Wikipedia
Marion Welter
Gebuer 1965
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Sänger

D'Marion Welter, gebuer 1965, ass eng lëtzebuergesch Sängerin, Entertainerin a Synchronspriecherin.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Schonn am Alter vu 5 Joer huet si hir Léift vir d'Musik entdeckt a stoung virun engem gréissere Publikum op der Bün. Zesumme mat dem Kannerchouer Itziger Nuechtigailercher huet si eng éischt Single opgeholl. 1982 mat knapps 16 Joer koum si bei d'Grupp Quo Vadis an huet zesumme mat hinnen d'Single Living Dreams opgeholl.

Ausser fir Musek huet si sech och fir d'Molerei intresséiert an huet dofir hire Studium an der Konschtsektioun "Beaux Arts" gemaach. Beim Professer Georges Backes huet si véier Joer Gesangsunterricht am Conservatoire an der Stad absolvéiert.

1985 huet si beim Concert fir Afrika matgemaach. Och spéider huet si méi dacks bei Projete fir karitativ Zwecker matgemaach.

Vun 1986 bis 1992 huet d'Marion am Grupp Challengers gesongen. Vun 1987 un war se Lead-Sängerin bei Chapter Two. Fir kuerz Zäit huet se och mat der Maggie Parke a mam Gast Waltzing bei Park Café gesongen.

Vun 1989 bis 1991 huet d'Marion am Felix Schaber senger Grupp Jazz Line gesongen.

Si huet Lëtzebuerg beim Eurovision Song Contest 1992 mam Lidd "Sou fräi" vertrueden, zesumme mat Kontinent. Si koum op déi 21. Plaz mat 10 Punkten.[1]

1993 stoung d'Marion zesumme mat der Militär-Big-Band op der Bün an huet Lidder vun der Nathalie Cole interpretéiert.

1994 reest d'Marion mat der Big Band Spectrum duerch d'Géigend.

Si huet säit 1986 op enger ganzer Rei CD-Opname fir Kanner matgewierkt. Säit 1991 huet si als Sängerin oder Synchronspriecherin an enger Rei lëtzebuergesche Filmer matgemaach.

Discographie (CD/DVD)[änneren | Quelltext änneren]

  • Various, PPUM - Päischt-Party um Mëttelmier, 2010
  • Militärmusek, Alles Gutts fir 2010, 2009
  • Big Band/M. Welter, Big Band vun der Militärmusek, 2008
  • Fascination (Band), 25th Anniversary - The Live Concert (DVD), 2005
  • Divers, No Limits 2004 Searching the Voice (DVD), 2004
  • Sauerdall Musikanten, Am Siwenten Himmel, 2002
  • Divers, Specktakel, 1999
  • Sauerdall Musikanten, Alles Gudds, 1998
  • Sauerdall Musikanten, Trei Sei, 1997
  • Divers, Mega Lët'z Dance, 1996
  • Sauerdall Musikanten, Al Dikkrech, 1995
  • Divers, Sat.1 - Party Dance Hits, 1995
  • Chapter Two, Wild Strawberries, 1993
  • Marion Welter, Sou fräi - Eurovision '92, 1992
  • Divers, Déi schéinste lëtzebuerger Krëschtlidder, 1990
  • Divers, Krëschtdaag heiheem, 1989
  • Chapter Two, Why did you have to kill the smile?, 1988

Karitativ Projeten[änneren | Quelltext änneren]

  • Marion Welter, Jimmy Wagner, Änder Hirtt, Calling you, 2006, (Télévie)
  • Marion Welter, Monique Melsen, Jimmy Wagner, Änder Hirtt, T'as Kreschtdaag, déi schéinste Kreschzlidder, 1997, (Foundation Hëllef fir kriibs-krank Kanner)
  • Divers, No time to waste, 1994, (Greenpeace)
  • Somalia Hope Project, Children of Somalia, 1993, (CHII MS 1-93)
  • Divers, SOS Rock géint Drogen, 1987, (Lëtzebuerger Jugend- an Drogenhëllef)
  • Divers, Concert fir Afrika, 1985, (Croix Rouge)

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Malmö 1992