Chapter Two

Vu Wikipedia
Chapter Two
Land Lëtzebuerg

Chapter Two war eng lëtzebuergesch Rockgrupp.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Grupp gouf den 1. September 1983 vum Georges Zepp an Tom Bellion aus Membere vun de Gruppen, Pipeline a Barrister gegrënnt. Am Ufank stounge 7 Leit op der Bün. Nodeem e puer Leit nees opgehalen hunn, huet d'Grupp 1985 aus follgende Leit bestanen: Georges Zepp, Mike Zepp, Tom Bellion, Jang Bracci a Guy Kess.

D'Grupp huet 1985 och beim Concert fir Afrika matgemaach. 1986 huet de Guy Kess d'Grupp nees verlooss. Si hunn nach en Abschiedsconcert ginn, an hunn duerno eng Paus fir ongeféier 1 Joer gemaach.

1987 ass d'Marion Welter als Lead-Sängerin bei d'Grupp derbäikomm.

Am Juni 1988 hunn de Jang Bracci an de Mike Zepp opgehalen. Si goufen mam Claude Geimer a Marc Reichling ersat. Am selwechte Joer hu se déi éischt Maxi-Single opgeholl a e bëssche méi spéit en CD-Sampler.

1989 hu se, wéinst Solo-Projete vun eenzele Memberen, eng zweet Paus ageluecht.

Mëtt 1992 ass d'Grupp reaktivéiert ginn a se hu sech preparéiert fir eng nei CD opzehuelen. Enn 1992 hu se awer wéinst dem Krichsausbroch a Somalia fir d'éischt nach e karikative Projet, d'Hope Project Band duerchgezunn.

Am September 1993 koum dunn hir CD Wild Strawberries mat Lidder an dräi Sproochen eraus.

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

  • 1988: Chapter Two (Vinyl Maxi-Single)
  • 1988: CD-Sampler
  • 1993: Wild Strawberries (CD-Album)
  • 1994: Greenpeace-CD: No time to waste (Lidd 6: Blind man)
  • 1994: Rock um Knuedler Vol.4 (Lidder 3 a 4)

Literatur[änneren | Quelltext änneren]