Rock um Knuedler

Vu Wikipedia
Manfred Mann's Earthband beim Rock um Knuedler 2001

Rock um Knuedler war en Open-Air-Museksfestival, deen tëscht 1991 an 2019 all Joer Ufank Juli um Knuedler an der Stad Lëtzebuerg organiséiert gouf.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den Ufank vun dësem Festival war am Joer 1991, wéi Lëtzebuerg d'Presidence vun der europäescher Gemeinschaft iwwerholl hat. Wärend deene 6 Méint Presidentschaft vum Januar bis Juni 1991 huet eng Grupp ënner der Leedung vum Kulturministère e Kulturprogramm zesummegestallt. De Roby Schuler vum Stater Syndicat d'Initiative, dee Member vun där Grupp war, huet du proposéiert, en Open-air-Concert mat Rockmusek z'organiséieren.

Seng Iddi war et, e puer lëtzebuergesch Gruppen ënner gudden technesche Konditioune virun engem gréissere Publikum optrieden ze loossen. De Concert ass dunn nieft verschiddene klassesche Concerten an e puer Ausstellungen an d'Lëscht vun den offiziellen Organisatiounen am Kader vum lëtzebuergeschen Europavirsëtz opgeholl ginn.

Den 22. Juni 1991 ass den éischte Rock um Knuedler virun 3.000 Leit iwwer d'Bün gaangen. Wéinst dem groussen Erfolleg huet de Festival sech mat der Zäit zu engem festen Termin am Organisatiounskalenner vum Syndicat d'Initiative entwéckelt.

Fir datt d'Zuel vun de Gruppe vergréissert konnt ginn, gouf eng zweet Bün mat bäigeholl. Ausserdeem konnt d'Attraktivitéit nach erhéicht ginn duerch méi bekannt auslännesch Museksgruppen déi meeschtens als Headliner mat bäigeholl goufen.

Am Joer 2000 ass de Festival op 2 Deeg verdeelt ginn.

De Rock um Knuedler ass eng Organisatioun vun der Stad Lëtzebuerg mam Kulturministère. Organisateur ass de Syndicat d'Initiative vun der Stad.

An den éischte Jore sinn och Sampler-CDe vun de Concerten opgeholl ginn.

D'Visiteurszuelen hu sech vun 3.000 am éischte Joer op zirka 15.000 an de leschte Joren entwéckelt.

Fir d'Joer 2020 gouf de Rock um Knuedler opgrond vun der COVID-19-Pandemie ofgesot. Och an de Joren duerno gouf en net méi organiséiert.

Déi eenzel Editioune vum Evenement[änneren | Quelltext änneren]

1991[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt Editioun vum Rock um Knuedler war den 22. Juni 1991. Opgetruede sinn:

1992[änneren | Quelltext änneren]

Déi zweet Editioun vum Rock um Knuedler war den 13. Juli 1992 am Kader vun der néngter Etapp vum Tour de France. Opgetruede sinn:

1993[änneren | Quelltext änneren]

Déi drëtt Editioun vum Rock um Knuedler war den 11. Juli 1993. Opgetruede sinn:

1994[änneren | Quelltext änneren]

Déi véiert Editioun vum Rock um Knuedler war den 10. Juli 1994. Opgetruede sinn:

1995[änneren | Quelltext änneren]

Déi fënneft Editioun vum Rock um Knuedler war den 9. Juli 1995. Opgetruede sinn:

1996[änneren | Quelltext änneren]

Déi sechst Editioun vum Rock um Knuedler war de 14. Juli 1996. Opgetruede sinn:

1997[änneren | Quelltext änneren]

Déi siwent Editioun vum Rock um Knuedler war den 13. Juli 1997. Opgetruede sinn:

1998[änneren | Quelltext änneren]

Déi aacht Editioun vum Rock um Knuedler war den 19. Juli 1998. Opgetruede sinn:

1999[änneren | Quelltext änneren]

Déi néngt Editioun vum Rock um Knuedler war den 11. Juli 1999. Opgetruede sinn:

2000[änneren | Quelltext änneren]

Déi zéngt Editioun vum Rock um Knuedler war de 15. + 16. Juli 2000. Opgetruede sinn:

1. Dag:

2. Dag:

2001[änneren | Quelltext änneren]

Déi 11. Editioun vum Rock um Knuedler war de 15. Juli 2001. Opgetruede sinn:

2002[änneren | Quelltext änneren]

Déi 12. Editioun vum Rock um Knuedler war de 7. Juli 2002. Opgetruede sinn:

2003[änneren | Quelltext änneren]

Déi 13. Editioun vum Rock um Knuedler war den 9. Juli 2003. Opgetruede sinn:

2004[änneren | Quelltext änneren]

Déi 14. Editioun vum Rock um Knuedler war de 4. Juli 2004. Opgetruede sinn:

2005[änneren | Quelltext änneren]

Déi 15. Editioun vum Rock um Knuedler war den 3. Juli 2005. Opgetruede sinn:

2006[änneren | Quelltext änneren]

Déi 16. Editioun vum Rock um Knuedler war den 2. Juli 2006. Opgetruede sinn:

2007[änneren | Quelltext änneren]

Déi 17. Editioun vum Rock um Knuedler war den 8. Juli 2007. Opgetruede sinn:

2008[änneren | Quelltext änneren]

Déi 18. Editioun vum Rock um Knuedler war de 6. Juli 2008. Opgetruede sinn:

2009[änneren | Quelltext änneren]

Déi 19. Editioun vum Rock um Knuedler war de 5. Juli 2009. Opgetruede sinn:

2010[änneren | Quelltext änneren]

D'Anniversary BACK IN TIME PARTY fir 20 Joer Rock um Knuedler war den 2. Juli 2010 am Atelier. Opgetruede sinn:

Déi 20. Editioun vum Rock um Knuedler war de 4. Juli 2010. Opgetruede sinn:

2011[änneren | Quelltext änneren]

Déi 21. Editioun vum Rock um Knuedler war den 3. Juli 2011. Opgetruede sinn:

2012[änneren | Quelltext änneren]

Déi 22. Editioun vum Rock um Knuedler war den 8. Juli 2012. Opgetruede sinn:

Op der Haaptbün (Lion' Stage):

Op der klenger Bün (Horse Stage):

Op der Bün Place Clairefontaine:

2013[änneren | Quelltext änneren]

Déi 23. Editioun vum Rock um Knuedler war de 7. Juli 2013. Et sinn opgetrueden:

Op der Haaptbün (Lion' Stage):

Op der klenger Bün (Horse Stage):

Op der Bün Place Clairefontaine:

2014[änneren | Quelltext änneren]

Déi 24. Editioun vum Rock um Knuedler war de 6. Juli 2014. Et sinn opgetrueden:

Op der Haaptbün (Lion' Stage):

Op der klenger Bün (Holy Ghost Stage):

Op der Bün Place Clairefontaine:

2015[änneren | Quelltext änneren]

Déi 25. Editioun vum Rock um Knuedler war den 12. Juli 2015. Et sinn opgetrueden:

Op der Haaptbün (Lion' Stage):

Op der klenger Bün (Holy Ghost Stage):

Op der Bün Place Clairefontaine:

2016[änneren | Quelltext änneren]

Déi 26. Editioun vum Rock um Knuedler war de 17. Juli 2016. Et sinn opgetrueden:

Op der Haaptbün (Lion' Stage):

Op der klenger Bün (Holy Ghost Stage):

2017[änneren | Quelltext änneren]

Déi 27. Editioun vum Rock um Knuedler war de 16. Juli 2017. Et sinn op 3 Bünen opgetrueden:

Op der Haaptbün (Lion' Stage):

Op der klenger Bün (Holy Ghost Stage):

Bün Gëlle Fra:

2018[änneren | Quelltext änneren]

Déi 28. Editioun vum Rock um Knuedler war de 7. Juli 2018. Et sinn op 3 Bünen opgetrueden:

Op der Haaptbün (Lion' Stage):

Op der klenger Bün (Holy Ghost Stage):

Bün Gëlle Fra:

2019[änneren | Quelltext änneren]

Déi 29. Editioun vum Rock um Knuedler war den 12. Juli 2019. Duerch d'Bauaarbechten um Knuedler goufen d'Bünen adapdéiert. Fir d'éischte Kéier sinn och Gruppen an der protestantescher Kierch opgetrueden.

Op der Haaptbün (Lion' Stage):

Op der klenger Bün (Holy Ghost Stage) an der Helleg-Geescht-Strooss:

Protestantesch Kierch:

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

  • 1991: Rock um Knuedler Vol. 1
  • 1992: Rock um Knuedler vol. 2
  • 1993: Rock um Knuedler vol. 3
  • 1994: Rock um Knuedler vol. 4
  • 1995: Rock um Knuedler vol. 5
  • 1996: Rock um Knuedler vol. 6
  • 1997: Rock um Knuedler vol. 7

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]