Minipli (Museksgrupp)
Minipli | |
---|---|
Genre: | experimentell Rockmusek |
Land: | ![]() |
Grënnung: | 2006 |
Trennung: | 2009 |
Websäit: | MySpace |
Memberen:[1] | |
Gesank, Batterie: | Natalie Pickar ("Fiffi") |
Gittar, Bass, Keyboard: | Michel Flammant ("Wichl") |
Gesank, Gittar, Bass, Keyboard, Eletronik: | Eric ("Nipless") |
Minipli war eng lëtzebuergesch Museksgrupp.
Inhaltsverzeechnes
Bandgeschicht[änneren | Quelltext änneren]
D'Grupp gouf am Wanter 2006 vun zwéi fréiere Membere vun John McAsskill an engem Member vu Farmer Cookie Propellers gegrënnt.[2] Den Trio huet am November 2007 säin éischten Album Love Is for the Fishis um Museklabel Comet Records erausbruecht. Hire Stil gouf ënner anerem als "minimalistesche lo-fi Electro-Pop mat Gittare, Keyboards an duebel opgeholle Gesanksstëmme" an als "irgendwou tëscht minimalem Rock, Post-Punk, Wave an Elektropop" beschriwwen.[3][4]
2009 huet Minipli d'EP I Go Boom!, déi manner minimalistesch a méi Disko-orientéiert war, an d'Single Bobby-Ray verëffentlecht.[5] D'Grupp huet Lëtzebuerg a Loutrengen an der Sektioun "Découvertes" um Printemps de Bourges 2009 representéiert.[6] Am selwechte Joer huet den Eric d'Band verlooss an déi zwéi Memberen hunn ënner dem Numm Plankton Waves weidergemaach.[7][8]
Diskographie[änneren | Quelltext änneren]
Album[änneren | Quelltext änneren]
- 2007: Love Is for the Fishis
EP[änneren | Quelltext änneren]
- 2009: I Go Boom!
Single[änneren | Quelltext änneren]
- 2009: Bobby-Ray
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ woxx.lu: Oh Ah, Oh! Minipli! vum Claire Barthelemy (13. September 2007)
- ↑ land.lu: Pas l'ombre d'un (mini)pli (18. Oktober 2007)
- ↑ Albumreview op venue.de
- ↑ Albumreview op ox-fanzine.de
- ↑ Singlereview op disagreement.net
- ↑ lequotidienlu: Minipli: c'est déjà le printemps! (27. Januar 2009))
- ↑ lequotidien.lu: L'automne directement après le printemps (20. Mee 2010)
- ↑ lessentiel.lu: Minipli: «Aujourd'hui, la scène nous appartient» (24. Mee 2009)