Blue Shade
Blue Shade | |
|---|---|
| Genre: | Blues-Rock |
| Land: | |
| Grënnung: | 2002 |
| Trennung: | 2007[1],[2] |
| Memberen[3] | |
| Gesank, Gittar: | Ken Brandenburger |
| Bass: | Alessandro (Sandro) Unfer |
| Batterie: | Véronique Conrardy (2002) |
| Gittar: | Diego Velasquez (2002-2003) |
| Batterie: | Julian Klaedtke (2002-2005) |
| Gittar: | Matthieu Wanderscheid (2003-?) |
| Gesank: | Tim Rinnen (2004-?) |
| Batterie: | Christophe Maas (vun 2005 un) |
| Keyboard, Gesank: | Jérôme Klein (vun 2005 un) |
| Saxophon: | Patrick Gerges (vun 2005 un) |
Blue Shade war eng lëtzebuergesch Blues-Rock-Museksgrupp.
Bandgeschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Grupp gouf an enger éischter Besetzung den 28. Oktober 2002 gegrënnt, deemools nach als reng Coverband. Am Mäerz 2003 hat si hiren éischte klengen Optrëtt op enger Privatparty. No e puer Neibesetzungen an Neizougäng huet d'Grupp ugefaangen eege Stécker ze schreiwen. Eng vun deene greissten Éieren déi hinnen zu Deel koum war fir Sandra Hall & The Gnola Blues Band als Virgrupp am Sang a Klang an um Rock um Knuedler däerfen ze spillen. 2005 hu si et och bis an d'Finall vum Emergenza gepackt, wou se no Fast Friday op déi zweet Plaz koumen.[4]
Blue Shade huet och um E-Lake Festival 2005 an um Blues 'n' Jazz Rallye 2006 gespillt.[5] Den 18. Mäerz 2006 huet d'Grupp hiren Album Director's Cut am Sang a Klang virgestallt.
Discographie
[änneren | Quelltext änneren]- 2006: Director's Cut
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ 30. Oktober 2017: Perséinlech Matdeelung vum Jérôme Klein, datt d'Band sech uganks 2007 opgeléist huet, wéi déi meescht Memberen op d'Uni gaange sinn.
- ↑ Engem Artikel vum November 2011 op revue.lu no huet Blue Shade schonn 2008 net méi existéiert: "Vor ziemlich genau drei Jahren fanden die Mitglieder von „The Jacob Cons-piracy“ zusammen. „Meine Band ‘Blue Shade’ hatte sich aufgelöst und ich war auf der Suche nach neuen Mitstreitern,“ beschreibt Ken den Entstehungsprozess."
- ↑ Bandgeschicht bis 2004 op musicker.net
- ↑ woxx.lu: BLUES - Jimi's Erben vum Claudine Muno (12. August 2005)
- ↑ Bandbio op entrepotarlon.be