Sang & Klang Pafendall

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Sang a Klang)
De Bau mam Concertssall vum Sang a Klang am Pafendall.

De Sang & Klang Pafendall, meeschtens einfach Sang a Klang genannt, ass e Männerchouer am Pafendall an der Stad Lëtzebuerg.

De Veräin, deen 1857 gegrënnt gouf, ass deen eelste Stater Gesangveräin. En huet zanter 1922 säin eegent Haus mat Concertssall am Pafendall. D'Gebai gouf den 1. Abrëll 2021 proposéiert, als nationaalt Monument klasséiert ze ginn.[1]

De Sang a Klang ass landbekannt duerch seng Concerten an Theateropféierungen. Zu senger Renommée dréit och de Matgrënner, éischten Dirigent a Komponist, de Laurent Menager (1835-1902) bäi, deen als Nationalkomponist ugesi gëtt.

2012 huet de Sang a Klang nach 13 Memberen déi als Sänger aktiv sinn.[2]

De Concertssall[änneren | Quelltext änneren]

De Veräinsbau, deen 1922 seng Dieren opgemaach huet, ass an der Vaubansgaass (rue Vauban) um Eck mat der rue des Trois-Glands am Pafendall. De Sall huet Plaz um Rez-de-chaussée an um Balcon fir zirka 250 Persounen.

Aner Veräiner déi reegelméisseg Concerten am Sall organiséieren:

D'Héijele vum Théiwesbur[änneren | Quelltext änneren]

Theateropféierunge vum Sang a Klang mat gedréckte Programmer an Invitatioune gouf et zanter dem Ufank vum 20. Joerhonnert, dat a verschidde Säll an der Uewerstad, no 1922 och am veräinseegene Sall am Pafendall.

Ëm 1980 huet d'Theatergrupp vum Sang a Klang sech den Numm d'Héijele vum Théiwesbur ginn. D'Wuert Héijele kënnt aus dem Jéineschen (dat ënner anerem och am Pafendall geschwat gouf) a bedeit Geck oder, am iwwerdroene Sënn, een deen d'Leit mat senge Spiichten a Witzer laachen deet. Den Théiwesbur ass e Buer nieft der Kierch am Pafendall.[3]

Audio-CDe vum Sang a Klang[änneren | Quelltext änneren]

De Sang a Klang huet dräi Audio-CDe mat Wierker vum Laurent Menager erausginn, dat an de Joren 1997,1999 an 2002.[4]

Veräinsbroschüren[änneren | Quelltext änneren]

De Sang a Klang huet bis 2010 sechs Veräinsbroschüren erausginn, an deenen een d'Chronik vun der Gesellschaft, mä awer och lokalhistoresch Artikelen iwwer de Pafendall fënnt. D'Broschüre koumen eraus:

  • 1907 fir de 50. Anniversaire
  • 1932 fir de 75. Anniversaire
  • 1957 fir den 100. Anniversaire
  • 1982 fir den 125. Anniversaire
  • 1985 fir den 150. Anniversaire vum Laurent Menager
  • 2007 fir den 150. Anniversaire

Bekannt Dirigenten a Presidente vum Veräin[änneren | Quelltext änneren]

Bekannt Dirigente vum Sang a Klang:

Iwwer de Pafendall eraus bekannt Presidente waren de Marcel Fischbach (1949-1966), de Jean Goedert (1966-1991) an d'Romy Roth (1991-1994).[5]

Geschicht vum Veräin[änneren | Quelltext änneren]

D'Grënnung vum Sang a Klang geet zeréck op eng Initiativ vum Schoulmeeschter Jean (Johann) Adam Ecker an dem Laurent (Lorenz) Menager, deen deemools 22 Joer al war.

D'Grënnungsversammlung war den 12. Juli 1857. Éischte President gouf de Peter (Pierre) Kirsch, Conseiller am Stater Gemengerot, éischten Dirigent war de Laurent Menager.

De 14. September 1857 hunn d'Grënnungsmemberen e Veräinsreglement ënnerschriwwen. De Veräin hat deemools 27 aktiv an 8 inaktiv Memberen.

Fir Member ze ginn, huet ee misse wéinstens 18. Joer al sinn an eng schrëftlech Demande erareechen, iwwer déi an enger Geheimwal, déi Ballotage genannt gouf, ofgestëmmt gouf. Nëmmen d'Stëftungsmemberen hunn däerfe mat ofstëmmen.

1865 krut de Veräi seng éischt Statuten, dat op der Basis vum Veräinsreglement vun 1857.

1870 huet de Laurent Menager, no enger Paus vu 4 Joer, erëm d'Direktioun vum Sang a Klang bis 1897 iwwerholl, wou hie wéinst sengem Gesondheetszoustand den Dirigenteposten definitiv ofginn huet.

Ënner der zweeter Direktioun vum Laurent Menager huet de Sang a Klang eng Héichperiod erlieft, mat eng ganzer Rëtsch vu Concerten an Theateropféierungen an der Uewerstad an och soss am Land. Et huet deemools zum gudden Toun gehéiert, Member vum Sang a Klang ze sinn.

1883 krut de Sang a Klang vum Kinnek-Groussherzog Wëllem III. den Éierentitel Königlich-Großherzogliche Gesanggesellschaft Sang & Klang Pfaffenthal (Société chorale royale grand-ducale Sang & Klang Pfaffenthal). De Sang a Klang ass deen eenzege Chouer zu Lëtzebuerg deen dës Auszeechnung krut.

1897, am Alter vun 62 Joer, huet de Laurent Menager definitiv seng Demissioun als Dirigent eragereecht (hien ass 1902 gestuerwen). Säi Brudder, de Pierre Menager, huet seng Nofolleg iwwerholl.

1905 gouf op Initiativ vum Sang a Klang hin e Monument um Graf vum Laurent Menager um Kierfecht um Sichenhaff opgeriicht. D'Monument ass vum Sculpteur Jean Mich a baséiert op engem Plang vum Architekt Traus. Et huet 5.967,84 Lëtzebuerger Frang kascht. D'Monument gouf den 20. August 1905 bei Geleeënheet vun enger grousser ‚patriotescher’ Feier (de Laurent Menager war am ganze Land bekannt a gouf kuerz duerno als Nationalkomponist bezeechent) ageweit. 1906 huet d'Stad Lëtzebuerg den Ënnerhalt vum Monument iwwerholl.

1907 huet de Sang a Klang seng 50 Joer ë. a. mat engem Fakelzuch duerch déi dräi Ënnerstied (Stadgronn, Clausen a Pafendall) gefeiert, bei deem all d'Veräiner aus der Stad matgemaach hunn.

Ënner der Presidentschaft vum Michel Bauer an der Direktioun vum Alfred Kowalsky huet de Sang a Klang eng zweet Héichperiod erlieft. Vun 1910 bis 1912 gouf et eng separat Dammegesangssektioun am Veräin.

1921 gouf den Niky-Quartett gegrënnt, dee spéider a Soloquartett-L.-Menager ëmbenannt gouf.

Erënnerungsplack fir de Jacques Clement op der Fassade vum „Sang a Klang“

Den 9. Juli 1922 gouf de veräinseegene Bau an der Vaubanstrooss ageweit. D'Gebai, dat ënner der dreiwender Kraaft vum President Jacques Clement, dee vu Beruff Staatscantonnier war, gebaut gouf, hat 50.000 Frang kascht, wouvun 30.000 Frang vun de Membere gesammelt goufen, 17.000 Frang goufe bei de Membere geléint an 3000 Frang hat d'Stad Lëtzebuerg bäigeluecht.

1927 huet d'Gesellschaft L'art à l'école de Mammendag zu Lëtzebuerg agefouert. Vum éischte Joer u a bis haut huet de Sang a Klang op deem Dag 'Mammeconcerten' am ganze Land ginn.[6]

1932, bei der Geleeënheet vum 75. Anniversaire, huet de Sang a Klang eng Broschür erausginn, dat sougenannt Gëllent Buch (Livre d'or). De Chouer hat ëm déi Zäit 70 Sänger.

1935 huet de Sang a Klang eng grouss 100-Joer-Laurent-Menager-Feier matorganiséiert, déi mat der Publikatioun vun enger Broschür iwwer de Komponist verbonne war.

Am Zweete Weltkrich (1940-1945) gouf de Bau vum Sang a Klang als Wunneng fir evakuéiert Familljen aus dem Minett gebraucht, duerno huet déi däitsch Besatzungsmuecht de Bau beluecht. Och Schoulklasse waren zäitweis dran ënnerbruecht. No der Liberatioun war d'Gebai vum amerikanesche Roude Kräiz a vun amerikaneschen Zaldote beluecht.

1966 gouf e Kannerchouer gegrënnt, d'Chorale enfantine Laurent-Menager, an dee sech haaptsächlech Meedercher gemellt hunn. Et gouf decidéiert de Männerchouer an e gemëschte Chouer ëmzewandelen, eng Decisioun déi awer ni ëmgesat gouf.

1982, fir den 125. Anniversaire vum Veräin, gouf déi éischt grouss Renovéierung vum Veräinsbau ofgeschloss. Och eng Broschür koum bei där Geleeënheet eraus.

1989, bei Geleeënheet vun der Onofhängegkeetsfeier vu Lëtzebuerg huet de Sang a Klang de Groussherzogsgebuertsdag zu Weilburg, vu wou d'Dynastie Nassau-Weilburg staamt, am Schlass an an der Kierch mat Gesang encadréiert.

1993 hat de Veräin 328 Memberen, dovun 23 Sänger.

2005 huet de Sang a Klang säi ganze Fonds Laurent Menager der Nationalbibliothéik iwwerlooss.

2007 gouf dem 150. Anniversaire gefeiert, woubäi erëm eng Broschür publizéiert gouf.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Plumer, E., 2007. Veräinschronik Sang & Klang 1992 bis haut. In: Société chorale royale grand-ducale Sang & Klang Pafendall 1857-2007, S. 31-37.
  • Théato, F., 1882. Vereinschronik. Eng Seit Pafendaller Geschicht. In: 125 Joer Sang a Klang Pafendall, S.64-90. Dréckerei Print-Service, Lëtzebuerg. 280 S.
  • Théato, F., 2002. Chronique d'une société. De Pafendaller Sang & Klang. Eng grouss Säit stadlëtzebuerger Kulturgeschicht. Revue musicale, Lëtzebuerger Musekszeidong 2002 N r. 1, S. 9-10.
  • Thoss, W., 1932. Vereinschronik 1857-1932. In: Livre d'or Sang & Klang 75me anniversaire.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Sang & Klang Pafendall – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).
  2. F.T. (Fernand Theato), 2012. De Chouer wëll sech net ënnerkréie loossen. Luxemburger Wort vum 27. Februar 2012, S. 20.
  3. 150 Joer Sang a Klang 2007, S. 58.
  4. E. Plumer, 2007. Veräinschronik Sang & Klang 1992 bis haut. In: Sang & Klang Pafendall 1857-2007, S. 31-37.
  5. Sang a Klang, Buch vum 150. Anniversaire, S. 28 (Presidente vun 1857 bis 2007) a S. 29 (Dirigente vun 1857 bis 2007).
  6. Mammendag zu Lëtzebuerg, in: Sang & Klang Pafendall 2007 (Buch vum 150. Anniversaire).