Sichenhaff

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Kräizung beim Kierfecht um Sichenhaff. Riets laanscht de Kierfecht erop: de Val des Bons-Malades. Lénks uewen um Kierfecht: d'Grafmonument vum Laurent Menager.

De Sichenhaff, och nach Sichegronn oder Val des Bons-Malades, ass e Lieu-dit am Quartier Pafendall an der Stad Lëtzebuerg, um rietsen Uwänner vun der Uelzecht, tëscht dem Pafendall an Eech.

Val des Bons-Malades“ ass awer och den offiziellen Numm vun der Strooss déi vum Kierfecht um Sichenhaff erop op de Kierchbierg féiert.

Den Numm Sichenhaff geet op d'Leproserie zréck, déi op där Plaz, baussent der Festung, vun ufanks dem 13. Joerhonnert bis zirka 1770 bestanen huet. Vun hir ass d'Kapell erhale bliwwen, déi haut als Morgue vum Kierfecht benotzt gëtt.

2015 hunn am Descherwee d'Aarbechten ugefaange fir eng nei Zuchhalt (Gare Kierchbierg-Pafendall) op der Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Ëlwen ze bauen, zesumme mat engem Funiculaire a Richtung Kierchbierg.

Geschicht vun der Leproserie[änneren | Quelltext änneren]

  • D'Leproserie vun der Stad Lëtzebuerg war fir d'éischt zu Bouneweg, laanscht de Kiem, dee vun Hesper iwwer den Houwald an d'Stad gefouert huet.
  • Virun 1238 [1] gouf d'Leproserie an de Martinsgronn am Uelzechtdall, tëscht Eech a Weimeschkierch, baussent der Festung, verluecht.
  • Um Deventerplang vu 1581 sinn op der Plaz vum Sichenhaff ze gesinn: d'Gebai mat der Leproserie, d'Kapell niewendrun, an eng Rëtsch Haiser op der Strooss déi laanscht d'Uelzecht bei d'Sichepaart (Porte des Bons-Malades) féiert. Et ass unzehuelen, datt an dësen Haiser déi Leprakrank gewunnt hunn.
  • D'Diagnos vun der Lepra gouf vun offiziell unerkannte Spezialisten zu Tréier, Léck, an och Köln gestallt. Op der Rees dohin an zréck goufen déi verdächteg 'Lëtzebuerger' Leprakrank vun engem oder zwéi Begleeder gefouert. Eréischt vum 16. Joerhonnert u gouf d'Lepra bei de Kranken zu Lëtzebuerg selwer ënnersicht an attestéiert.
  • Ëm 1800 gouf d'Leproserie um Sichenhaff zougemaach.[2]
  • 1982 gouf d'Kapell renovéiert. Si gëtt haut als Morgue gebraucht.[3]

Kierfecht[änneren | Quelltext änneren]

De Kierfecht um Sichenhaff ass de Kierfecht vum Sichenhaff a vum Pafendall.

En ass duerch d'Eisebunnslinn (Nordstreck) an zwee gedeelt. Am westlechen Deel, bei der Kapell, sinn d'Grafmonumenter vum Laurent Menager a vun zwéi Kommunarde vu Paräis, déi am Exil zu Lëtzebuerg gestuerwe sinn. Am ëstlechen Deel vum Kierfecht steet e Grafmonument zur Erënnerung un déi franséisch Zaldoten déi am Franséisch-Preisesche Krich vun 1870/1871 zu Lëtzebuerg gefall sinn.

Fliederchersdag[änneren | Quelltext änneren]

E Fliedchen, sou wéi s'op Fliederchersdag um Sichenhaff verdeelt ginn (2012).

Den drëtte Sonndeg no Ouschtere gëtt um Sichenhaff de Fliederchersdag gefeiert. Den Interesseveräin Pafendall-Sichenhaff, deen d'Feier organiséiert, verdeelt den Dag virdrun, um Samschdeg, no enger Mass an der Kapell um Kierfecht, Eeërfliedercher un d'Leit.[4]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Pauly, M.(Editeur), 2009. De l'Hospice Saint-Jean à l'Hospice civil. 700 Jahre Hospitalgeschichte in der Stadt Luxemburg. Editions mediArt, 116 S. ISBN 978-99959-635-1-4. Cote BNL LBB 901.
  • Weicherding-Goergen, B., 1983. La chapelle du Siechenhof. ons stad 13, S. 8-9. PDF
  • T.F (=Fernand Théato), 1981. Siechenhof, Fliederchesdag und Eydtmühle. Luxemburger Wort, Nr. 107 vum 9. Mee 1981, S. 10.
  • Friedrich, E., 1978. Siechenhof. Tageblatt, Nr. 20 vum 25. Januar 1978, S. 10.
  • Thoma, Jean, 2001, Kirchberg: Kirchberg-Siechengrund in früheren Zeiten: eine Dokumentation zur Geschichte des Dorfes und der Bewohner, Éditioun: Steinsel: J. Thoma, ISBN 2-87996-936-0

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Sichenhaff – Biller, Videoen oder Audiodateien

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. De geneeën Datum, op deem d'Leproserie verluecht gouf ass net bekannt. An engem Dokument vun der Gräfin Ermesinde vun 1238 gëtt déi deemools fréier Leproserie zu Bouneweg genannt, wouraus ee schléisse muss, datt si virun 1238 verluecht gouf. Op der Plaz vun der fréierer Leproserie zu Bouneweg gouf eng Zisterzienserabtei gegrënnt.
  2. Quell fir d'Geschicht vun der Leproserie: d'Websäit vun der Uni Lëtzebuerg
  3. B. Weicherding-Goergen 1983.
  4. F.T. (Fernand Theato): Fliederchesdag um Sichenhaff. Luxemburger Wort vum 27. Abrëll 2012, S. 26.