Op den Inhalt sprangen

Gare Pafendall-Kierchbierg

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Gare Kierchbierg-Pafendall)
Gare Pafendall-Kierchbierg
D'Gare Pafendall-Kierchbierg (2018)
ass eng Suedelgare
Status am Gebrauch
opgaang 10 Dezember 2017
genannt no Pafendall, Kierchbierg
Lag vun der Statioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Pafendall
Koordinaten 49°37'8,000"N, 6°7'58,001"O
Héicht i. M. 258 m
Reseau
Statiounscode Pf-K
Bedreiwer CFL
Reseau CFL-Zuchreseau
Linn(en) CFL-Linn 1
P.K. 19,100 km
Gleiser mat Quai 2
Passagéier/Joer 1.183.133
  (2022)
Nopeschstatioun(en) Gare Dummeldeng,
Gare Lëtzebuerg
Websäit https://www.cfl.lu/de-DE/network/station/Gare-de-Pfaffenthal-Kirchberg
Kaart
Lag vun der Gare Pafendall-Kierchbierg
D'Quaien a Richtung Stad
D'Gleiser Richtung Dummeldeng

D'Gare Pafendall-Kierchbierg ass eng Gare vun der Lëtzebuerger Eisebunn. Se läit am Descherwee am Quartier Pafendall vun der Stad Lëtzebuerg, a Richtung Kierchbierg gekuckt, lénks ënner der Rouder Bréck am Uelzechtdall. Se ass den 10. Dezember 2017 als en Deel vum Pôle d'échange Rout Bréck opgaangen.

D'Gare ass eng sougenannt Suedelgare d. h. si gouf iwwer d'Gleiser ewech gebaut, a ka mat engem Lift oder Trape vum Descherwee am Pafendall aus erreecht ginn. Fir och eng Verbindung mam Kierchbierger Plateau ze kréien, gouf gläichzäiteg direkt hannendrun, am Hank, eng Standseelbunn gebaut, déi uewen um Plateau, bei der Halt Rout Bréck-Pafendall, en Iwwergank op d'Tramslinn T1 an op eng Rëtsch Buslinnen erméiglecht.[1]

D'Gare Pafendall-Kierchbierg läit tëscht de Garë Lëtzebuerg an Dummeldeng a gehéiert zu follgende Linne vum CFL-Zuchreseau:

De Projet vun der Gare a vum Funiculaire gouf den 12. September 2011 vum Bauteminister Claude Wiseler virgestallt, als Deel vun der Strategie fir eng Nohalteg Mobilitéit (MoDu).[2]. Mat deem Konzept soll d'Zäit, fir op de Kierchbierg ze kommen, däitlech verkierzt ginn.[2].

Tëscht 2013 an 2014 goufen Etudë fir den Avant-projet gemaach, d'Finazéierungsgesetz gouf am Summer 2014 vun der Chamber gestëmmt.[3] D'Bauaarbechte fir d'Gare a fir de Funiculaire hunn am Mäerz 2015 ugefaangen.[4]. Am Mee 2015 goung et lass mat den Terrassementsaarbechten[5].

De Bau vum Garë-Gebai selwer goung am Mäerz 2016 lass. D'Käschte fir de Bau vun der Gare an dem Funiculaire ginn op zesummen eng 96 Milliounen Euro geschat.[2]

Zanter de 5. a 6. Quai an der Stater Gare fäerdeg sinn (Enn 2021), kënne méi Zich 'riicht duerch' fueren a sou d'Passagéier méi séier heihi bréngen.

An den éischten 11 Méint, an deenen d'Gare Pafendall-Kierchbierg a Betrib war, goufen am Ganzen 965.330 Passagéier do gezielt.[6]

Zich déi an der Gare halen

[änneren | Quelltext änneren]

(Stand: Februar 2025)

Richtung Norden

[änneren | Quelltext änneren]
Aus Richtung Halt virdrun Zuch Nächst Halt A Richtung

Lëtzebuerg ↔ Ettelbréck ↔ Ëlwen ↔ Gäilech

[änneren | Quelltext änneren]
Lëtzebuerg Lëtzebuerg   RB[7] RE   Dummeldeng Ëlwen
Lëtzebuerg Lëtzebuerg   IC   Miersch Gäilech - Léck - (Liers)

Lëtzebuerg ↔ Ettelbréck ↔ Dikrech

[änneren | Quelltext änneren]
Lëtzebuerg Lëtzebuerg   RB   Dummeldeng Dikrech

Rodange ↔ Esch-Uelzecht ↔ Lëtzebuerg ↔ Ëlwen

[änneren | Quelltext änneren]
Péiteng Lëtzebuerg   RE   Dummeldeng Miersch
Rodange Lëtzebuerg   RE   Dummeldeng Ëlwen

Richtung Süden

[änneren | Quelltext änneren]

Jeeweils an der entgéintgesater Richtung wéi an der Tabell uewendriwwer.

Commons: Gare Pafendall-Kierchbierg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. "Arrêt Kirchberg-Pfaffenthal (Pont Rouge)." Presentatioun vun der neier Gare, zesumme mam Funiculaire, op der Websäit vum Ministère fir Nohalteg Entwécklung an Infrastruktur, 02-03-2015 (gekuckt 08.01.2016).
  2. 2,0 2,1 2,2 "Gare de Kirchberg-Pfaffenthal". op rail.lu (gekuckt: 18.10.2017
  3. "Infrastructure ferroviaire Projets 2015 – 2024 Exemple: Funiculaire Arrêt Kirchberg - Pfaffenthal." 18.09.2015. op mobiliteit.lu (gekuckt 18.10.2017).
  4. Jörg Tschürtz: "La gare du Pont rouge sur de bons rails." lessentiel.lu, 2.3.2015 (gekuckt: 18.10.2017).
  5. Thomas Holzer: "63 secondes pour aller du Pfaffenthal au Kirchberg." lessentiel.lu, 02.07.2015 (gekuckt: 18.10.2017)
  6. " 'La mobilité au Luxembourg va changer fondamentalement'." wort.lu, 10.12.2018.
  7. just zwéin Nuetszich de Weekend