Op den Inhalt sprangen

Rout Bréck - Pafendall (Tramshalt)

Vu Wikipedia
Rout Bréck - Pafendall
Standuert vun der Statioun
Typ Tramshalt
Status am Gebrauch
opgaang 10. Dezember 2017
genannt no Pont grande-duchesse Charlotte, Pafendall
Lag vun der Statioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Kierchbierg
Koordinaten 49°37'7,25"N, 6°8'11,04"O, 49°37'7,39"N, 6°8'13,81"O
Reseau
Bedreiwer LuxTram
Reseau Stater Tram
Linn(en) Luxtram-Linn T1
Gleiser mat Quai 2
Nopeschstatioun(en) Philharmonie - Mudam,
Theater

Rout Bréck - Pafendall ass eng Halt op der Linn T1 vum Stater Tramsreseau, déi den 10. Dezember 2017 opgaangen ass.

S'ass en Deel vum Pôle d'échange Rout Bréck.

Lag vun der Statioun

[änneren | Quelltext änneren]

D'Statioun läit um westleche Wupp vun der Avenue John-F.-Kennedy am Quartier Kierchbierg vun der Stad Lëtzebuerg, tëscht de Statioune Philharmonie - Mudam am Osten an Theater am Westen.

aus Richtung virdrun Statioun duerno a Richtung
Findel - Luxembourg Airport
(vu Mäerz 2025 un)
Philharmonie - Mudam Rout Bréck - Pafendall Theater Stadion

D'Statioun ass no der Rouder Bréck bei där se läit an dem Nopeschquartier Pafendall, wou ee mam Funiculaire hifuere kann, genannt.

Infrastruktur

[änneren | Quelltext änneren]

D'Statioun huet 2 Gleiser mat engem zentrale Quai an ass mat Tramshaisercher an elektroneschen Informatiounspanneauen ekipéiert. S'ass fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit accessibel.

Bei der Statioun gëtt et eng bikebox fir Vëloen ofzestellen, eng Vel'oH!-Statioun an et huet een Uschloss op AVL an RGTR-Buslinnen (Halt: Rout Bréck - Pafendall). Mam Funiculaire kënnt een an d'CFL-Gare Pafendall-Kierchbierg (Uschloss op d'CFL-Nordstreck).[1]

Kuckeswäertes an der Ëmgéigend

[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Rout Bréck - Pafendall (Tramshalt) – Biller, Videoen oder Audiodateien


Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Le tram et les gares multimodales. fondskirchberg.public.lu (nogekuckt: 2023-10-23.