Op den Inhalt sprangen

Lycée Vauban (Tramshalt)

Vu Wikipedia
Lycée Vauban
D'Halt Lycée Vauban an der Rue Albert-Einstein
Typ Tramshalt
Status am Gebrauch
opgaang 7. Juli 2024
genannt no Lycée Vauban
Lag vun der Statioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Gaasperech
Koordinaten 49°35'1,86"N, 6°7'30,61"O, 49°35'1,00"N, 6°7'31,80"O
Reseau
Bedreiwer LuxTram
Reseau Stater Tram
Linn(en) Luxtram-Linn T1
Gleiser mat Quai 2
Nopeschstatioun(en) Howald Gare,
Waassertuerm

Lycée Vauban ass eng Halt op der Linn T1 vum Stater Tramsreseau, déi de 7. Juli 2024 opgaangen ass.

Lag vun der Statioun

[änneren | Quelltext änneren]

D'Statioun läit an der Rue Albert Einstein am Quartier Gaasperech vun der Stad Lëtzebuerg, tëscht de Statiounen Howald Gare am Osten a Waassertuerm am Westen.

aus Richtung virdrun Statioun duerno a Richtung
Findel - Luxembourg Airport
(vu Mäerz 2025 un)
Howald Gare Lycée Vauban Waassertuerm Stadion

D'Statioun läit direkt beim Lycée Vauban, no deem s'och genannt ass.

Infrastruktur

[änneren | Quelltext änneren]

D'Statioun déi huet 2 Gleiser mat jeeweils engem säitleche Quai an ass mat Tramshaisercher an elektroneschen Informatiounspanneauen ekipéiert. S'ass fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit accessibel.

Bei der Statioun gëtt et eng Vel'oH!-Statioun an et huet een Uschloss op AVL an RGTR-Buslinnen (Halten: Gerhard Mercator an Charles Darwin).

Kuckeswäertes an der Ëmgéigend

[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Lycée Vauban (Tramshalt) – Biller, Videoen oder Audiodateien


Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]