Op den Inhalt sprangen

Europaparlament / Parlement européen (Tramshalt)

Vu Wikipedia
Europaparlament / Parlement européen
Standuert vun der Statioun
Typ Tramshalt
Status am Gebrauch
opgaang 10. Dezember 2017
genannt no Europäescht Parlament
Lag vun der Statioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Kierchbierg
Koordinaten 49°37'14,66"N, 6°8'52,58"O, 49°37'15,13"N, 6°8'54,96"O
Reseau
Bedreiwer LuxTram
Reseau Stater Tram
Linn(en) Luxtram-Linn T1
Gleiser mat Quai 2
Nopeschstatioun(en) Coque,
Philharmonie - Mudam

Europaparlament / Parlement européen ass eng Halt op der Linn T1 vum Stater Tramsreseau, déi den 10. Dezember 2017 opgaangen ass.

Lag vun der Statioun

[änneren | Quelltext änneren]

D'Statioun läit an der Avenue John-F.-Kennedy am Quartier Kierchbierg vun der Stad Lëtzebuerg, tëscht de Statioune Coque am Norden a Philharmonie - Mudam am Süden.

aus Richtung virdrun Statioun duerno a Richtung
Findel - Luxembourg Airport
(vu Mäerz 2025 un)
Coque Europaparlament / Parlement européen Philharmonie - Mudam Stadion

D'Statioun läit direkt virum Gebai Konrad Adenauer (KAD) vum Sekretariat vum Europäesche Parlament, no deem se och genannt ass.

Infrastruktur

[änneren | Quelltext änneren]

D'Statioun huet 2 Gleiser mat jeeweils engem säitleche Quai an ass mat Tramshaisercher an elektroneschen Informatiounspanneauen ekipéiert. S'ass fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit accessibel.

Bei der Statioun gëtt et eng Vel'oH!-Statioun.

Kuckeswäertes an der Ëmgéigend[1]

[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Europaparlament / Parlement européen (Tramshalt) – Biller, Videoen oder Audiodateien


Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Le tram et les gares multimodales. fondskirchberg.public.lu (nogekuckt: 2023-10-23.