Waassertuerm (Tramshalt)
|
De Tram fiert aus der Halt Waassertuerm a Richtung Luxexpo eraus | |
| Typ | Tramshalt |
|---|---|
| Status | am Gebrauch |
| opgaang | 7. Juli 2024 |
| genannt no | Waassertuerm op der Cloche d'Or |
| Lag vun der Statioun | |
| Land | Lëtzebuerg |
| Gemeng | Lëtzebuerg |
| Uertschaft | Gaasperech |
| Koordinaten | 49°34'45,55"N, 6°7'13,55"O |
| Reseau | |
| Bedreiwer | LuxTram |
| Reseau | Stater Tram |
| Streck(en) | Luxtram-Linn T1 |
| Linn(en) | Luxtram-Linn T1 |
| Gleiser mat Quai | 2 |
| Nopeschstatioun(en) |
Lycée Vauban, Stadion |
|
| |
Waassertuerm ass eng Halt op der Linn T1 vum Stater Tramsreseau, déi de 7. Juli 2024 opgaangen ass.
Lag vun der Statioun
[änneren | Quelltext änneren]D'Statioun läit um Boulevard de Kockelscheuer am Quartier Gaasperech vun der Stad Lëtzebuerg, tëscht de Statioune Lycée Vauban am Norden a Stadion am Süden.
| Aus Richtung | Halt virdrun | Linn | Nächst Halt | A Richtung | ||
|---|---|---|---|---|---|---|
| Stadion | Stadion | T1 | Lycée Vauban | Findel - Luxembourg Airport | ||
D'Statioun läit direkt beim Waassertuerm vun der Cloche d'or, no deem s'och genannt ass.
Infrastruktur
[änneren | Quelltext änneren]D'Statioun huet 2 Gleiser mat jeeweils engem säitleche Quai. Et ass déi eenzeg Statioun wou déi zwéi Quaien net géintiwwer vunenee leien, mä versat sinn. De Quai a Richtung Luxexpo läit nërdlech vun der Kräizung Rue Émile Bian / Rue Isaac Newton, iwwerdeems deen a Richtung Stadion südlech vun der Kräizung läit. S'ass mat Tramshaisercher an elektroneschen Informatiounspanneauen ekipéiert a fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit accessibel.
D'Statioun huet een Uschloss op AVL-Buslinnen (Halt: Gasperich, Waassertuerm).
Biller
[änneren | Quelltext änneren]- D'Tramshalt
- D'Tramshalt a Richtung Stadion
- Den Tram fiert a Richtung Lycée Vauban
- D'Tramshalt mam Waassertuerm am Hannergrond
Kuckeswäertes an der Ëmgéigend
[änneren | Quelltext änneren]- De Stater Waassertuerm op der Cloche d'or
- d'Crystal Park-Gebai vu PwC
- de Fouss- a Vëloswee Couloir écologique laanscht den Niewenaarm vun der Drosbech
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Waassertuerm (Tramshalt) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Aktuell Departen op dëser Statioun:

