Waassertuerm op der Cloche d'or

Vu Wikipedia
Waassertuerm op der Cloche d'or
Land Lëtzebuerg
Adress Boulevard de Kockelscheuer
Koordinaten 49° 34’ 42.13’’ N 6° 07’ 10.88’’ E
Architekt(en) Jim Clemes, Schroeder&Associés, T/E/S/S
Statut a Betrib
Datum vum Bau 2015-2017
Proprietär Stad Lëtzebuerg

De Waassertuerm op der Cloche d'or ass e Waassertuerm, dee vun der Gemeng Lëtzebuerg bedriwwe gëtt, fir d'Quartieren Zéisseng a Gaasperech, virun allem och déi nei bebaut Terrainen um Ban de Gasperich an op der Cloche d'or mat Drénkwaasser ze versuergen. E gouf tëscht 2015 an 2017 gebaut an den 20. Mäerz 2018 offiziell ageweit. Et ass deen héchste Waassertuerm aus dem Land.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Lëtzebuerg wollt e Gebai, dat erausstieche géif, an hat dofir am Hierscht 2012 e Concours ausgeschriwwen, bei deem 32 Architektebüroe matgemaach hunn. Am Februar 2013 gouf de Projet vum Atelier d'architecture et de design Jim Clemes, dem Ingenieurbüro Schroeder&Associés an dem Atelier d'ingénierie T/E/S/S zeréckgehalen.[1]

De Bau vum Tuerm huet 8,7 Milliounen Euro kascht. E gouf den 20. Mäerz 2018 ageweit an d'Beliichtung gouf am Abrëll 2018 a Betrib geholl.[1]

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

De Waassertuerm, en Zylinder aus arméiertem Bëtong, ass 68,43 Meter héich mat engen Duerchmiesser vu 15 Meter. E steet bei der Bréck vum Boulevard de Kockelscheuer iwwer d'Autobunn A6, net wäit ewech vum Zéissenger Kräiz. En huet eng opfälleg wäiss Verkleedung aus Aluminiumsplacken, déi mat wäissem Thermolack behandelt goufen, an déi zesummegesat e Muster aus dënne wäisse Linnen erginn, déi hott an har ronderëm den Tuerm lafen. Dës gëtt, wann et däischter ass, vun LED-Stralere beliicht, déi, no engem Konzept vu Licht Kunst Licht, den Tuerm progressiv beliichten.[2]

Bannen huet en zwéi Basenge vun allkéiers 500 , fir d'Waasser, dat vun der SEBES kënnt, ze späicheren. Ënnert de Basenge sinn, op 7 Stäck, Lagerraim vum Service des Eaux vun der Stater Gemeng amenagéiert, déi iwwer e spezielle Monte-charge erreecht kënne ginn.[2]

D'Halt Waassertuerm vum Stater Tram, krut hiren Numm wéinst der Proximitéit zum Waassertuerm.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Josée Hansen: "Chrysalide." In: d'Lëtzebuerger Land 24. November 2017, Nr.47,S.6.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Waassertuerm op der Cloche d'or – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 "Er überragt sie alle: neuer Wasserturm eingeweiht." wort.lu, 20.03.2018.
  2. 2,0 2,1 "Der Wasserturm in Luxemburg-Gasperich von außen und innen." tageblatt.lu, 17. Mäerz 2018. 14:57 Uhr - Akt: 17. Mäerz 2018. 15:37 Uhr.