Coque (Tramshalt)
Ausgesinn
Standuert vun der Statioun | |
Typ | Tramshalt |
---|---|
Status | am Gebrauch |
opgaang | 10. Dezember 2017 |
genannt no | Coque |
Lag vun der Statioun | |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Kierchbierg |
Koordinaten | 49°37'21,68"N, 6°9'14,26"O, 49°37'22,40"N, 6°9'16,52"O |
Reseau | |
Reseau | Stater Tram |
Linn(en) | Luxtram-Linn T1 |
Gleiser mat Quai | 2 |
Nopeschstatioun(en) |
Universitéit, Europaparlament / Parlement européen |
Coque ass eng Halt op der Linn T1 vum Stater Tramsreseau, déi den 10. Dezember 2017 opgaangen ass.
Lag vun der Statioun
[änneren | Quelltext änneren]D'Statioun läit an der Avenue John-F.-Kennedy am Quartier Kierchbierg vun der Stad Lëtzebuerg, tëscht de Statiounen Universitéit am Norden an Europaparlament / Parlement Européen am Süden.
aus Richtung | virdrun | Statioun | duerno | a Richtung |
---|---|---|---|---|
Findel - Luxembourg Airport (vu Mäerz 2025 un) |
Universitéit | Coque | Europaparlament / Parlement Européen | Stadion |
D'Statioun läit direkt virum Centre national sportif et culturel, der „Coque“, no där se och genannt ass.
Infrastruktur
[änneren | Quelltext änneren]D'Statioun huet 2 Gleiser mat jeeweils engem säitleche Quai an ass mat Tramshaisercher an elektroneschen Informatiounspanneauen ekipéiert. S'ass fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit accessibel.
Bei der Statioun gëtt et eng Vel'oH!-Statioun. D'RGTR-Busgare Europe läit hannert dem Gebai vum Sportszenter an der Rue Léon Hengen.
Biller
[änneren | Quelltext änneren]Kuckeswäertes an der Ëmgéigend [1]
[änneren | Quelltext änneren]-
d'Coque, de gréisste Sportkomplex zu Lëtzebuerg
-
de Park central vum Arboretum
-
d'Kogeneratiounszentral mam Gebai vu Luxenergie
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Coque (Tramshalt) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Le tram et les gares multimodales. fondskirchberg.public.lu (nogekuckt: 2023-10-23.