Arboretum Kierchbierg

Vu Wikipedia
Arboretum Kierchbierg
De Park Klosegrënnchen, en Deel vum Arboretum Kierchbierg.
Lokalisatioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz Neiduerf/Weimeschhaff, Kierchbierg
Koordinaten 49°37'47,6"N, 6°9'42,5"O
Fläch 30 ha

Den Arboretum Kierchbierg ass e botanesche Gaart an de Quartieren Neiduerf/Weimeschhaff a Kierchbierg vun der Stad Lëtzebuerg.

Am Arboretum dee ronn 30 ha grouss ass, gëtt eng Sammlung vu ronn 500 wanterfeste Bam- an Trauschaarten aus Europa an aus senge Grenzgebidder presentéiert. E verdeelt sech op dräi Parken an ass dat ganzt Joer iwwer fräi zougänglech. D'Beschëlderung bitt dem Besicher detailléiert Informatiounen iwwer d'Planzen: wëssenschaftlechen Numm, Famill, Verbreedung, Vernakularnimm an de véier Sprooche Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch.

Déi dräi Parken[änneren | Quelltext änneren]

Parc central[änneren | Quelltext änneren]

49° 37’ 34.4’’ N 6° 09’ 22.2’’ O

De „Parc central“ um Kierchbierg ass e Park an deem ee sech virun allem ausrouen an erhuele kann. Déi grouss Wisen, Bëschelcher a Plazen bidde Plaz fir Spiller, Spadséiergäng a fir z'entspanen. Am Park ass och e klenge Séi, dee vum Reewaasser vun den Diech ronderëm gespeist gëtt. Vrum Séi läit en oppenen Amphitheater.

Am „Rosaceum“ kann een, ofhängeg vun der Joreszäit, d'Bléi oder d'Fruucht vun de verschiddenen Zorte vun Uebst- an Zierplanzen aus der Famill vun de Rosaceae (Äppel, Hodar, Vullekiischten, asw.) entdecken.

Vum Hiwwel deen opgeschott gouf - de “klenge Kierchbierg” - huet eng gutt Vue iwwer de Kierchbierg an d'Stad.

De Park läit tëscht dem Nationale Sportzentrum, dem Campus Kierchbierg vun der Universitéit Lëtzebuerg an der Europäescher Schoul. An de Park era kënnt ee vun der Rue Richard Coudenhove-Kalergi oder vun der Rue Léon Hengen aus.

Park Réimerwee[änneren | Quelltext änneren]

49° 37’ 49.3’’ N 6° 09’ 44.4’’ O

Am „Park Réimerwee“ um Kierchbierg gëtt et engersäits Parzelle mat Beem an anersäits oppe Wise mat just eenzele Beem. Den Numm vum Park erënnert un de Kiem deen hei fréier op Tréier gefouert huet.

Am Park kann een d'Diversitéit vun de Blieder vun 21 verschiddenen Eechen entdecken oder och nach eng Abberzuel vu Bichen.

De Park läit tëscht der Rue Coudenhove-Kalergi, vis-à-vis vum Campus Kierchbierg vun der Universitéit Lëtzebuerg, an dem Rond-point um Boulevard Konrad Adenauer.

Park Klosegrënnchen[änneren | Quelltext änneren]

49° 37’ 57.0’’ N 6° 10’ 44.1’’ O

Am Quartier Neiduerf/Weimeschhaff läit de „Park Klosegrënnchen“ an deem Hiwwele mat Sand opgeschott goufen. Dee Sand gouf beim Bau vum ëstleche Contournement vun der Stad ausgegruewen. Op dësen Hiwwele gouf e sougenannte Sand-Arboretum ugeluecht. Op den nërdlechen Häng an an de Bëschelcher fënnt een eng ganz Rëtsch vu Gënz-, Wakelter- a Weidenaarten, grad wéi Kiferen aus ganz Europa.

Déi fiicht Wisen am Dällchen an déi dräi Weieren an deenen d'Waasser opgefaange gëtt, bilden en attraktive Kontrast zu den drechenen Dünen.

De Park läit am Nordoste vum Kierchbierg a Richtung Neiduerf. Den Zougank ass vum Boulevard Pierre Werner oder vum Laangegronn aus méiglech.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Park Klosegrënnchen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De Projet vum Arboretum Kierchbierg gouf 1994 vum Fonds d'urbanisation et d'aménagement du plateau de Kirchberg am Kader vum neien urbanistesche Konzept fir de Stater Quartier Kierchbierg an d'Liewe geruff. De wëssenschaftleche Suivi ënnersteet zanter der Grënnung dem Zerwiss vun de liewege Sammlunge vum Naturmusée.

Zanter 1994 goufe ronn 37.000 Beem an Traisch am Arboretum geplanzt. 110 Gattungen, 383 Aarten, Ënneraarten an Zorten aus 54 Famillje sinn den Ament vertrueden. Dës lieweg Sammlung huet e grousse wëssenschaftleche Wäert, well iwwer d'Hallschent vun de Planze vun hiren natierleche Standplaze stamen a genee beluecht ass, wou se hierkommen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Arboretum Kierchbierg – Biller, Videoen oder Audiodateien