Botanesch Gäert zu Lëtzebuerg
Ausgesinn
Zu Lëtzebuerg gëtt et den Ament véier Anlagen, déi als botanesch Gäert kënne betruecht ginn.
- Arboretum Kierchbierg, mat ronn 500 Bam- an Trauschaarten (1994-);
- Arboretum am Park Tony-Neuman um Lampertsbierg (1959-)
- Kraidergaart Wanseler, mat ronn 900 Planzenaarten (1996-);
- Mediterrane Gaart Schwéidsbeng;
Tëscht 1875 an 1888 huet de Botanesche Gaart vun der Stad Lëtzebuerg existéiert.
Donieft gëtt et eng Partie Anlagen uechter d'Land, déi wuel verschidde Planzenaarte regruppéieren, mä kaum als botanesch Gäert oder Arborete bezeechent kënne ginn, well z. B. net an deem Sënn ugeluecht goufen, keng Beschëlderung existéiert oder keen Accès méiglech ass:
- Forstarboretum Waldhaff, gouf deelweis bei de Stierm Vivian a Wiebke vun 1990 zerstéiert. Koordinaten: 49° 39’ 18’’ N 06° 11’ 36’’ O
- Forstarboretum Park Housen
- Forstpinetum Diddeleng: dëse Forstpinetum[1] gouf am Giergebësch zu Diddeleng fir Test- a Moosszwecker (Jugendwuesstem) vom Forstinspekter Robert Faber ugeluecht a gëtt schonn zanter 40 Joer net méi suivéiert. Koordinaten: 49° 27’ 15’’ N 06° 05’ 51’’ O
- Park vum Thermalbad Munneref
Notten
[Quelltext änneren]- ↑ E Pinetum ass en Arboretum, deen nëmmen aus Nolenhëlzer besteet.