Europäesch Schoul

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Europäesch Schoulen (Schola Europaea) sinn international Privatschoulen, déi zesumme mat de Regierunge vun de Memberstaate vun der EU gegrënnt goufen, an déi fir Kanner vun Elteren, déi an europäeschen Institutioune schaffen, geduecht sinn. Si vermëttelen en Unterrecht an der eegener Sprooch (Mammesprooch) a bestinn do, wou grouss europäesch Institutiounen hire Sëtz hunn. All voll beschäftegt Léierkräfte gi vu den nationale Parlamenter recommandéiert.

Si ënnerleien de gesetzleche Bestëmmunge vun den ëffentlech-rechtlechen Ariichtungen an de jeeweilege Länner, wou se hire Sëtz hunn.

D'Europäesch Schoule sollten net verwiesselt gi mat den Europaschoulen, sou wéi se haaptsächlech an Däitschland bestinn.

Geschicht vun den Europäesche Schoule fänkt zu Lëtzebuerg un[änneren | Quelltext änneren]

Marcel Decombis, Direkter vu der éischter Europäescher Schoul zu Lëtzebuerg

Déi éischt Europäesch Schoul gouf op d'Initiative vun engem Grupp vu Beamte vun der CECA a mat der Ënnerstëtzung vun hiren Institutiounen, an der lëtzebuergescher Regierung am Oktober 1953 zu Lëtzebuerg gegrënnt. Un der Grënnung hat den deemolege Greffier vum Geriichtshaff vun der CECA, den Albert van Houtte, e groussen Undeel. Hiren éischten Direkter war de Marcel Decombis.

D'Erzéiungserfahrungen déi opgrond vun der Abezéiung vu Kanner vu verschiddenen Nationalitéiten a Mammesproochen gemaach goufen, hate grousse Succès an hunn zu enger enker Zesummenaarbecht vun den Erzéiungsadministratiounen an de Memberlänner gefouert, besonnesch am Beräich vun de Schoulprogrammer, der Auswiel vun de Léierkräften, an der Unerkennung vun den ausgestallten Diplomer. D'Ënnerzeechnung vum Protokoll iwwer d'Europaschoul zu Lëtzebuerg huet aus hir eng éischt offiziell Europäesch Schoul gemaach. Den éischten europäeschen Abitur-Examen, deen am Juli 1959 ofgehale gouf, huet domat hiren Abiturenten de Wee zu allen Universitéite vun de Memberlänner opgemaach.
Den Erfolleg vun der éischter Europäescher Schoul huet dozou gefouert, dat op anere Plazen, wou Europäesch Institutiounen hire Sëtz hunn, aner Europäesch Schoule gegrënnt goufen.

Europäesch Schoulen, déi haut bestinn[änneren | Quelltext änneren]

Haut gëtt et véierzeng Europäesch Schoulen a siwe verschiddene Länner:

  1. Flag of Luxembourg.svg Kierchbierg fréier um Glacis), [1] (Lëtzebuerg), gegrënnt 1953
  2. Flag of Luxembourg.svg Mamer, gegrënnt 2004 zanter 2012 zu Mamer.
  3. Flag of Belgium.svg Bréissel I [2] zu Uccle, gegrënnt 1958
  4. Flag of Belgium.svg Bréissel II [3] zu Woluwe-Saint-Lambert, gegrënnt 1974
  5. Flag of Belgium.svg Bréissel III [4] zu Ixelles, gegrënnt 2000
  6. Flag of Belgium.svg Bréissel IV [5] zu Laeken, gegrënnt 2007
  7. Flag of Belgium.svg Mol [6] (Belsch), gegrënnt 1960
  8. Flag of the Netherlands.svg Bergen [7], gegrënnt 1963
  9. Flag of Italy.svg Varese [8], gegrënnt 1960
  10. Flag of Germany.svg Karlsruhe [9] (Däitschland), gegrënnt 1962
  11. Flag of Germany.svg München [10] (Däitschland), gegrënnt 1977
  12. Flag of Germany.svg Frankfurt [11] (Däitschland), gegrënnt 2002
  13. Flag of Spain.svg Alicante [12] (Spuenien), gegrënnt 2002
  14. Flag of the United Kingdom.svg Culham [13] (Groussbritannien), gegrënnt 1978


Enn 2015 ware ronn 25.000 Schüler an Europäesche Schoulen ageschriwwen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]