Marcel Decombis

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Marcel Decombis
Gebuer 23. Dezember 1916
Gentilly
Gestuerwen 10. September 2003
Bréissel
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Enseignant

De Marcel Decombis gebuer den 23. Dezember 1916 zu Gentilly bei Paräis, a gestuerwen den 10. September 2003 zu Bréissel, war e Pedagog, Auteur a Matgrënner vun der éischter Europäescher Schoul zu Lëtzebuerg souwéi hiren éischten Direkter.

Seng Karriär[änneren | Quelltext änneren]

De Marcel Decombis war zu Douai bei Lille am Kolléisch. Fir seng Leeschtunge beim Baccalauréat krut hien den zweete Präis an der Philosophie (op ganz Frankräich bezunn). Op der Sorbonne huet hien du Germanistik studéiert. Am Zweete Weltkrich koum hien an en Aarbechtslager zu Neubrandenburg. Nom Krich huet hien zu Paräis a verschidde Schoule Course ginn.

Wéi 1952 d'CECA geschaf gouf, huet de Jean Monnet hien op Lëtzebuerg komme gelooss, an hien a sengem Cabinet ugestallt. Do huet hien 1953, zesumme mam Albert van Houtte, déi éischt Europäesch Schoul gegrënnt. 1960 huet hien zousätzlech d'Europäesch Schoul zu Varese an Italien opgebaut. Méi spéit, bis zu senger Pensioun mat 63 Joer, huet hien nach an der Direktioun vun der Europäescher Schoul zu Bréissel geschafft.
De Marcel Decombis war 2003 zu Lëtzebuerg als Festriedner dobäi, wéi d'Europäesch Schoul vu Lëtzebuerg hiert 50järegt Jubiläum gefeiert huet.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]