Glacis (Lampertsbierg)

Vu Wikipedia
Champ des Glacis
Numm lb: (Um) Glacis
fr: Champ des Glacis
de: Glacis
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Lampertsbierg,
Uewerstad
Koordinaten 49° 37’ 00.3’’ N
      06° 07’ 25.1’’ O
Genannt no Glacis

De Glacis ass eng Plaz no beim Zentrum vun der Stad Lëtzebuerg tëscht dem Quartier Lampertsbierg an der Uewerstad. D'Plaz ass agegrenzt:

Zwou Stroossen (d'Avenue de la Faïencerie an d'Avenue Victor-Hugo) déi an Nord-Süd-Richtung d'Plaz duerchquieren, deelen de Glacis an dräi Deeler: den ënneschten (westlechen) Deel gëtt gemenkerhand Klenge Glacis genannt, iwwerdeems den ieweschten (ëstlechen) Deel de Päerdsmaart ass.

Den Numm „Glacis“ kënnt vum Festungsbau hier, wou een eng iwwersiichtlech Plaz direkt virun de Festungsmauere Glacis nennt.

Haut ass de Glacis dee gréisste Parking ënner fräiem Himmel an der Stad; et passen eng 1200 Autoen drop an - um Klenge Glacis - ronn 50 Bussen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De Glacis hat, soulaang d'Festung Lëtzebuerg bestoung, eng reng militäresch Fonctioun: Eng grouss fräi Plaz baussent de Maueren, am Siichtfled vun de Wuechten, déi engem Ugrëffer keng Geleeënheet géif bidden, sech ze verstoppen oder ze verschanzen.

Wéi d'Festung geschleeft an de Stadpark ugeluecht gouf, ass d'Plaz eidel bliwwen.[1] 1890 gouf fir d'éischt d'Schueberfouer do ofgealen, wat bis haut all Joers de Fall ass. Geschwë gouf sech d'Fro gestallt, ob een déi Plaz, gënschteg geleeën tëscht der Uewerstad an dem Lampertsbierg, net besser notze kéint. 1900 huet de Staatsarchitekt Charles Arendt proposéiert, tëscht der Avenue Pasteur an der Avenue Victor Hugo eng neigotesch Kathedral a Pilgerplaz ze bauen, wou bis 3.000 Leit dra Plaz hätten. Et blouf bei der Propos. 1902 gouf e Stadentwécklungsplang vum Josef Stübben virgestallt; de Glacis war dorp als "Champ des foires" ausginn. Eng Bamallee um Plang, déi de Lampertsbierg mat der Stad, queesch iwwer de Glacis, hätt solle verbannen, ass net realiséiert ginn.

1929 huet d'Regierung fonnt, de Stater Kolléisch bräicht en neit Gebai. Vun enger zéng méigleche Sitte gouf de Glacis zeréckgehalen. 1937 huet den Hubert Schumacher de Concours vum Entworf vun engem neie Gebai gewonnen, an den 29. Mäerz 1940 huet de Staat den Terrain dofir (do wou haut de Boulevard Robert Schuman an den Neien Theater sinn) kaaft. Mat der däitscher Invasioun, 6 Wochen drop, war och dëse Projet gestuerwen. De Kolléisch sollt, 25 Joer dono, op de Geesseknäppche kommen.

1978 huet de Léon Krier säi Projet vu Luxembourg, Capital of Europe virgestallt. An dësem waren um Glacis eng Rëtsch neo-klassiszistesch Gebaier a Plaze mat Arkade proposéiert, am Stil vun deene vun der Cité judiciaire. Näischt vun deem Plang ass zeréckgehale ginn, just d'Iddi vun enger Zort Entréespaart um Rond-point Robert-Schuman, a Form vu Saile ronderëm enger zu engem Krees verbreeter Kräizung waren an d'Gespréich komm, wéi d'Tréierer Autobunn (déi haiteg Avenue John-F.-Kennedy hätt sollen duerch en Tunnel un d'Areler Strooss (Stad Lëtzebuerg) an d'Areler Autobunn ugebonne ginn. Ma och déi Sailen goufen an de Lieserbréifsäite staark kritiséiert, a schlussendlech ewechgelooss.

2016, an hirem Avis zum PAG vun der Stad Lëtzebuerg, huet d'Commission d'aménagement am Inneministère d'Fro opgeworf, ob ee sech net sollt iwwerleeën, dës grouss Broochfläch ze bebauen. De Schäfferot vun der Stad huet déi Iddi awer verworf. Sou bleift, op d'mannst bis zu engem neie PAG, ëm d'Hallschecht vum Joerhonnert, de Glacis weiderhin eng grouss Parkplaz, op där all Joers d'Fouer ofgehale gëtt.

Schueberfouer[änneren | Quelltext änneren]

All Joer am August a September ass d'Schueberfouer um Glacis.  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Schueberfouer.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Glacis (Lampertsbierg) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Quell vun dësem Kapitel, wou net anescht uginn: Bernard Thomas: "Amor vacui. Glacis - retour sur un siècle de projets avortés." In: d'Lëtzebuerger Land Nr.35, 30. August 2019, S.3.