Glacis (Festung)

Vu Wikipedia

Als Glacis bezeechent een am neizäitleche Festungsbau Buedemoppschëddunge virun dem Festungsgruef, déi dee fir de Feind méi déif maachen. De Glacis war am Idealfall onbebaut an net mat Beem bewuess, fir géignereschen Truppe jiddwer Méiglechkeet zur Deckung ze huelen. Dacks goufen dozou nach um Glacis Planze mat déiwe Wuerzele geplanzt, fir d'Gruewe vun Approchë méi schwéier ze maachen.

Am Géigesaz zu provisoreschen, befestegte Lageren, déngt e Glacis bei enger richteger Festung och als Broschtwier, déi e Gedeckte Wee viru Schëss schützt an eng Verdeedegung vum Gruef erméiglecht.

E Glacis ass sou gebaut, datt keen doudege Wénkel entstoe kann: e verhënnert zesumme mat der fënnefeckeger Form vun de Bastiounen an dem reegelméissege villeckege Grondrëss vun de Festungsmaueren, datt eng Fläch entsteet, déi d'Geschëtzer vun der Festung soss net erreeche kéinten.

Am Laf vun der Zäit gouf de Glacis ëmmer méi héich opgeschott, fir géignereschen Truppen d'Eruschaffen un d'Befestegungsanlagen z'erschwéieren.

Haut deiten a ville Stied Stroossennimm, an deenen d'Wuert Glacis virkënnt, op déi fréier Presenz vu Befestegungsanlagen hin.

Kuckt och[Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]