Zitadell vu Léck
D'Zitadell vu Léck war eent vun den Haaptfestungswierker vun der Stad Léck. Se stoung op enger Kopp um lénksen Uwänner vun der Meuse op enger Héicht vu ronn 160 m an nërdlech vum Zentrum vu Léck am Quartier Sainte-Walburge. Et war e grousse Fënnefeck mat op all Spëtzt enger Bastioun. Vis-à-vis um rietsen Uwänner vun der Meuse stoung d'Festung vun der Chartreuse.
Mam Bau vun der Zitadell gouf 1663 ugefaangen. D'Zil war fir méi eng modern an effikass Festung ze hunn, an anengems d'Fläch vun der aler Festung vu 1650 déi ënner dem Maximilian vu Bayern gebaut gi war, ëm d'Hallschent ze reduzéieren. D'Opsiicht vun den Aarbechten hat den Ingenieur Henri Rovers, deen den Eedem vum spéidere Gouverneur vun der Festung, dem Lieutenant-Colonel Amant war. Se gouf mat rouden Zillen a mat bloen Hasteng gebaut. D'Fëllementer sinn 1 m déif an en hallwe Meter méi breet wéi d'Maueren déi dropstinn. Den Zilleverband ass alternativ als Boutisses a Paneresses[1] ugeluecht. Fir dem Buedemdrock besser ze widderstoen, goufen d'Maure schréi gebaut, an zwar an engem Wénkel vun 10 Grad wat ongeféier enger Schréit vun 18 cm pro Meter entsprécht. Wéinst där Schréit konnten d'Parmangszillen net ganz horizontal gebaut ginn, well soss kleng Virspréng entstane wieren. Op Plaze wou d'Mauere futti sinn, geséit een datt se schif par Rapport zu de Fëllzille leien, wat vu fir gekuckt net opfällt. Zousätzlech zur Pente goufen d'Maueren no banne mat 1,20 Meter décken an 1,50 Meter breede Stäipe verstäerkt.
Dimensioune vun de Maueren: [2]
Festungswierk | Héicht ënner dem Cordon |
Déckt Uewen / Ënnen | |
---|---|---|---|
Bastiounen a Courtinen | 9 m | 1,20 m | 2,80 m |
Demi-lunen | 7 m | 1,20 m | 2,45 m |
Contre-escarpen | 4 m | 1,20 m | 1,90 m |
D'Cordonen, d'Ecksteng, an d'Drosteng sinn am Kalleksteen. D'Grief virun de Festungswierker sinn 10 - 11 Meter breet an tëscht de Courtinen an de Schlëss vun de Raveline si se bis 20 m breet.
1674 war de Bau vun der Festung mat de Kasäre fir 1.500 Mann an enger Kapell fäerdeg. Wärend dem Bau ass de Kommandant Amant den 9. Mäerz 1673 gestuerwen an de Barong Ferdinand vu Vierset koum an d'Plaz.
D'Festung war nach net ganz fäerdeg wéi den Hollännesche Krich ugaangen ass. Op der Säit vun der Quadrupelallianz hunn d'Diplomaten de Keeser Leopold gedirängelt fir datt hie Léck sollt besetzen. De krut sech awer net decidéiert, an sou koum et datt am Mäerz 1675, Emissaire vum Louis XIV. beim Gouverneur vun der Zitadell un d'Dier geklappt hunn. Deen huet sech breetschloe gelooss, an an der Nuecht vum 17. op den 18. Mäerz 1675 huet hien d'Paart vun der Festung opgemaach a se dem Grof d'Estrades a senge 1.500 Mann iwwerlooss, deem déi Heldendot dann och nach den Titel Maréchal de France abruecht huet. De Barong vu Vierset gouf ofgesat an e gewësse Monfranc koum a seng Plaz.
Kuerz drop huet de Louis XIV. e Festungsbauer op Léck geschéckt fir datt dee soll mam d'Estrades kucke wat misst un de Besfestegunge verbessert ginn. Gläich drop goufen all d'Handwierker an Handlaanger vu Léck a Beschlag geholl, fir un er Verbesserung vun der Zitadeel zeschaffen. Et gouf samschdes a sonndes geschafft fir sou séier wéi méiglech weiderzekommen an haaptsächlech alle nozehuele wat beim Bau vergiess gi war. Dozou huet an éischter Linn e wichtegt Element gehéiert an zwar d'gerdeckt Weeër vun deenen et keng gouf. Et goufen awer och Haiser ewechgrappt fir e bessert Schossfeld ze kréien, Palissaden a spuenesch Reider goufen opgeriicht an d'Grief goufe planéiert. D'Artillerie gouf mat fënnef weidere Kanoune verstäerkt an et gouf genuch Munitioun a Liewensmëttel agelagert fir kënnen eng Belagerung vun engem Mount auszehalen. Déi sechs Kompanien déi op der Plaz waren, goufe mat 17. Kompanië Bourbonen ersat sou datt d'Garnisoun ronn 2.000 Mann hat.
1. Demolitioun
[änneren | Quelltext änneren]Well am Ufank vum Joer 1676 d'Fransouse sech net méi dichteg gefillt hunn a gefaart hunn d'Zitadell kéint an d'Hänn vun hire Géigner falen, hu se decidéiert s'ofzerappen. De Prënzbëschof huet de Louis XIV. gebieden d'Festung net ze zerstéiere well dat seng Autortéit géif ënnergruewen. Dat war dem Louis awer zimmlech egal a sou krut de 15. Mäerz de Kommandant Calvo den Uerder d'Festung ze zerstéieren. Den 31. Mäerz goufen d'Kanounen an d'Munitioun, trotz de Protester vun de Lécker, deenen de gréissten Deel dervu gehéiert huet, aus der Zitadell oftransportéiert. D'Garnisoun ass augeréckelt an huet e Bivouac baussen der Stad installéiert. Duerno goufen d'Gebaier mat Ausnam vun der Kapell a Brand gestach, a wat Rescht blouf, gouf gesprengt. D'Bastiounen, d'Ravelinen, d'Paart vu Sainte-Walburge an eng Partie vun der aler Festungmauer fléien an d'Luucht. Wéi dat gemaach war hunn d'Fransouse sech an Direktioun Maastricht verzunn.
Déi Lécker hunn awer net gedriipst an direkt ugefaangen, dat wat Rescht blouf, nees ze flécken, wann och meeschten nëmme provisoresch a mat Palissaden. Eng grous Partie vun de Steng gouf geholl fir déi al Festungsmauer vu 1650 ze flécken. D'Paart Sainte-Walburge gouf ganz gefléckt an den Deel tëscht där Paart an der Paart vu Païenporte gouf komplett restauréiert. De Rescht vun de Steng gouf gebraucht fir zerstéiert Haiser ze flécken oder nees opzeriichten. Bis 1684 blouf du roueg ëm d'Zitadell.
Den 9. Abrëll 1684 koum et zu Léck zu enger Biergerrevolt wéinst Steiererhéijungen déi de Prënz-Bëschof Maximilian wollt duerchsetzen. Sou koum et datt am August 14.000 Zaldoten, franséischer a keeserlecher ënner dem Kommando vum Grof Choiseul a vum Wëllem vu Fürstenberg, d'Stad besat hunn, an d'Widderstänn ënnerdréckt hunn.
Rekonstruktioun
[änneren | Quelltext änneren]Am September dat selwecht Joer gouf op Initiativ vum Prënz e Kontrakt ënnerschriwwe fir d'Zitadell nees opzeriichten. D'Eterprenere sollten d'Terrassementsaarbechte maachen, souwéi d'Geschir an d'Material liwweren.
Wéi de Maximilan den 9. Oktober 1684 zu Léck war huet en däitlech ausgesot datt d'Zitadell nees opgebaut géif ginn an datt eng Garnisoun dra kéim déi grouss genuch wier pour permettre aux bons citoyens de dormir en paix et empêcher les débordements des autres. Am Dezember ass en nees an Däitschland zeréckgaangen an huet de Wëllem vu Fürstenberg als Representant dogelooss. Deen huet sech sou nidderträchteg beholl, datt e bei de Lécker de Spëtznumm Guiyame li Stwèrdeû (Guillaume le Pressoir) krut.
1685 gouf de Projet fir nei Kasären ze bauen ugeholl an de Marquis de Lasalle gouf Gouverneur vun der Zitadell. Deen huet dunn eng Millen, eng Bäckerei, eng Metzlerei an eng Brauerei fir d'Kantin baue gelooss. Et goufen nei Kanounen op Lafetten ugeschaaft.
De Maximilian-Heinrich ass den 3.Juni 1688 gestuerwen. Fir déi Lécker war seng Regentschaft just eng Folleg vun Evenementer vun deenen dat eent ëmmer just méi e groussen Desaster war, wéi dat anert.
De 17. August 1688 gëtt de Jean-Louis d'Elderen Prënzbëschof, an de 14. September gouf de Grof vu Berlo Gouverneur vun der Zitadell. De selwechten Dag huet de Louis XIV. dem däitsche Räich de Krich erkläert woumat de sougenannte Krich vun der Augsburger Allianz bei deem Spuenien, England, Schweden an Holland matgemëscht hunn, ungefaangen huet. Bei där Geleeënheet gouf d'Lannd nees vun de Fransousen iwwerfall an an engem Traité vum 9. Januar 1689 gouf festgehalen datt et sollt neutral sinn, an datt d'Festung vu Léck misst dem Buedem gläich gemaach ginn.
2. Demolitioun a Rekonstruktioun
[änneren | Quelltext änneren]D'Bastiounen op der Landsäit goufen all ewechgerappt an nëmmen d'Courtinë konnte bestoe bleiwe fir datt d'Stad konnt ofgeschloss ginn. Se goufen dofir mat Mauere matenee verbonnen. Alles wat baussenzeg dervu louch, grad wéi d'Contrescarpen huet missen zesrtstéiert ginn. Zur Stadsäit gouf och all Bastiounen, Demi-lunen a Contrescarpen dem Buedem gläichgemaach, jus d'Bastioun Saint-Henri konnt bestoe bleiwen.
Déi Lécker waren net sou benzeg fir ofzerappen, bis se schliislech 1690 awer hu missen an de sauren Apel bäissen. Dat huet awer net laang gedauert, well den d'Elderen sech op den Hollänner hir Säit geschloen huet a sou am Abrëll nees mat der Rekonstruktioun ugefaange gouf. Dat huet dem Louis XIV. net gefall a sou huet den de Boufflers de 4. Juni 1691 d'Chartreuse besat a wärend e puer Deeg Léck bombardéiert. Wéi d'Hollännert noe puer Deg koumen huet de Fransous sech aus dem Stëbs gemaach, en hat hat awer eng 1500 Haiser zerstéiert.
1692 krut de Generol Menno van Coehoorn d'Missioun fir d'Verdeedegung vun der Stad ze reorganiséieren. Hien huet sech awer net vill ëm d'Zitadell bekëmmert, hien huet just e puer Lächer an de Mauere flécke gelooss. De Jean Louis d'Elderen ass den 1. Februar 1694 gestuerwen, an de Coehoorn deem seng defensiv Konzeptioun zevill kritizéiert gouf, huet seng Versetzung ugefrot. Den 18. September gouf dunn de Joseph Clemens vu Bayern als nei Prënzbëschof ernannt. Nom Fridde vu Rijswijk ass net vill geschitt. D'Zitadell gouf liicht verännert, d'Bastioun 2 gouf zeréckgebaut, d'Contre-garde gouf suppriméiert an als Konterpartie gouf d'Bastioun 3 gouf verlängert, wat allerdéngs de Verdeedegungswénkel verschlechtert huet. Wéi 1702 nees eng franséisch Besatzung an der Festung war sollt déi vum Vauban verstäerkt ginn.
Well nei Konstruktiounen als ze deier ugesi goufen huet de Festungsingenieur Filley sech op Fléckaarbechten am Mauerwierk, d'Héije vu verschiddene Maueren, d'Verstäerke vun e puer Courtinen an de Renivellement vum Terrain hanner de Mauere beschränkt. Deéi eenzeg nei Konstruktioun war eng 20 m laang Poterne de secours. De Bau vun enger neier Redoute am Ufank vun engem Huelwee (haut Rue Bairoua) gouf vum Vauban verworf, wat spéider schwéier Konsequenze sollt hunn. All d'Kanounen, d'Mortieren a Kanounekugelen, déi an der Stad stockéiert waren, goufen an d'Zitadell bruecht. D'Haus vum Gouverneur, d'Kasären an d'Magasenger goufen a Stand gesat.
Kuckt och
[Quelltext änneren]- Militärarchitektur: Approche - Bockellinn - Caponnière - Contre-escarpe - Courtine - Escarpe - Glacis - Kasematt - Ravelin - Redoute - Reduit - Zitadell
- Festung Lëtzebuerg: mat: Bastioun Louis - Fort Olizy - Fort Thüngen - Kasematten - Malakoff-Tuerm - Nei Paart - Spueneschen Tiermchen
- Festungen an der Belsch: Fort de Tancrémont - Fort de Battice - Fort d'Aubin-Neufchâteau - Fort d'Eben Emael - Fort d'Évegnée-Tignée - La Chartreuse - Zitadell vu Léck
- Festungen a Frankräich: Maginot-Linn - Château d'If - Fort d'Illange - Fort de Villy-La Ferté - Fort de la Pompelle - Zitadell Montmédy - Tour Solidor - Fort de Charlemont - Fort-La-Latte - Mont-Dauphin - Zitadell vu Bitche - Redoute de la Justice
- Festungen an Italien: Festunge vu Folgaria - Trentiner Festungen
- Festungen an Norwegen: Festung Akershus
- Festungen a Portugal: Fortaleza de Sagres - Tuerm vu Belém
- Festungen an den USA: Alcatraz
- Festungen a Kanada: Zitadell vu Québec