Bloe Steen (Natursteen)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
D'Schlass vu Barvaux-en-Condroz mat Permangen a Fënsterrummen aus bloem Steen
Steekaul zu Sprimont

De Bloe Steen (fr: pierre bleue) ass e Steen deen an Europa haaptsächlech a Wallounien an an der Oochener Géigend an Däitschland virkënnt. Zu Lëtzebuerg gouf bloe Steen an der Steekaul op der Neimille bei Bilschdref exploitéiert.

Gisementer vum Bloe Steen a Wallounie sinn zu Recht, Sprimont, Aywaille, a Soignies ze fannen. Et ass e Gestengs aus dem ënneschten Devon mat engem Alter vu 400 Millioune Joer.

Den Oochener Bloe Steen ass aus dem ënneschte Karbon an huet en Alter vun 290 Millioune Joer.

Dat englescht Wuert bluestone bezeechent eng Zort Dolerit, aus deem z. B. verschidde Fielsbléck zu Stonehenge sinn.

De Bloe Stee vu Recht[änneren | Quelltext änneren]

De bloe Stee vu Recht koum aus de Steekaule vu Recht, enger klenger Uertschaft bei Sankt Vith am Oste vun der Belsch. Am Ufank goufen d'Steng iwwer Dag ofgebaut, a vun 1880 un a Galerien. Kuerz virum Éischte Weltkrich war näischt méi aus dem Gisement erauszehuelen an d'Steegrouf gouf zougemaach.

Zanter dem 18. Mee 2007 ass d'Grouf fir Visiteuren op.[1]

De Bloe Stee vun Oochen[änneren | Quelltext änneren]

Aachener Blaustein ass d'Handelsbezeechnung fir en donkelgroe bis schwaarze Kalleksteen deen an de Steekaulen am Südoste vun Oochen zu Walheim an zu Breinig ofgebaut gouf. Et ass e Stee mat ville fossilen Aschlëss wéi Moosdéiercher, Goniatiten, Hydrozoa, Korallen a Stromatoporen.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. http://www.schieferstollen-recht.be/?Der_Stollen:Historie