Tuerm vu Belém

Vu Wikipedia
Tuerm vu Belém zu Lissabon

Den Tuerm vu Belém (pt:Torre de Belém) ass eent vun de Symboler vu Lissabon an heescht offiziell Torre São Vicente.

E gouf ënner dem Don Manuel dem Glécklechen am manolitesche Stil an de Jore vu 1515 - 1520 gebaut a stoung fir d'éischt op enger Insel matzen am Tejo. De Floss huet sech lues a lues verluecht an elo steet den Tuerm direkt um Ufer. Et war am Ufank eng Festung déi den Estuaire vum Tejo bewaache sollt. Den Architekt war de Francisco de Arruda.

Vun der 35 m héijer Plattform huet een e gudde Bléck iwwer den Tejo, op d'Monument vun de portugiseschen Entdeckungen dat knapps 900 Meter dovun ewech ass, an op d'Bréck vum 25. Abrëll. Op der Terrass steet d'Statu vun der Nossa Senhora do Bom Sucesso, d'Schutzhelleg vum Erfolleg, déi d'Schutzsymbol vun de Séifuerer an Entdecker war.

Op der Basis vun den Tourellen erkennt een d'Käpp vun engem Léiw, engem Delphin, engem Widderen an engem Rhinozeros.

Zanter 1983 gehéiert den Torre de Belém zum Weltierwe vun der UNESCO.

De Belém-Tuerm

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Torre de Belém – Biller, Videoen oder Audiodateien