Padrão dos Descobrimentos

Vu Wikipedia
Monument Padrao dos Descobrimentos vun den Entdeckungen zu Lissabon

D'Padrao dos Descobrimentos ass d'Monument vun den Entdeckungen am Staddeel Belém, um Ufer vum Tejo zu Lissabon.

Vun der 52 Meter héijer Plattform, huet een eng Aussiicht op den Tejo, den Tuerm vu Belém an d'Bréck vum 25. Abrëll. Mat engem Lift kann ee bis erop fueren. Et ass ausserdeem déi eenzeg Plaz vu wou aus een de Marmermosaik vun enger Wandrous mat der Weltkaart ka gesinn, déi op der Plaz vun der gudder Hoffnung, der Terreiro da Boa Esperança läit.

Op der Säit vum Monument stinn 9 m héich Figuren, déi den Henri de Séifuerer an déi aner wichteg portugisesch Perséinlechkeeten aus dem Zäitalter vun den Entdeckungen duerstellen.

1960 war d'Aweiung zum 500. Doudesdag vum Henri dem Séifuerer.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Detail mam Henrique

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Padrão dos Descobrimentos – Biller, Videoen oder Audiodateien