Kasär

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Eng Kasär ass en Ensembel vu Gebaier, an deenen Zaldoten, Polizisten, oder och alt Pompjeeën ënnerbruecht sinn, fir kënnen zu all Moment vun do aus an den Asaz ze goen.

D'Wuert kënnt iwwer dat Franséischt caserne vum Vulgärlatäin *quaderna ("zu hirer Véier"). Et gouf deemno ufanks fir den Openthaltsraum vu Wuechtzaldote gebraucht (an dee 4 Mann eragepasst hunn). Ënner dem Louis XIV., wéi vill Kasäre fir seng Zaldoten dran ënnerzebrénge doruechter gebaut goufen, goung de Begrëff op déi iwwer.

Vum Louis XIV. sengem Festungsbaumeeschter Vauban u sinn dunn och an der Festung Lëtzebuerg verschidde Kasären entstanen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kasären – Biller, Videoen oder Audiodateien