Festung Akershus

Vu Wikipedia

D'Festung Akershus zu Oslo läit op der Ostsäit vum Oslofjord op der Hallefinsel Akersnes.

Mat dem Bau vun der Festung gouf am 13. Joerhonnert ënner der Herrschaft vum Kinnek Håkon V. ugefaangen. Ënner dem Christian IV. gouf déi mëttelalterlech Buerg an e Renaissanceschlass ëmgebaut, an d'Festungsanlage vergréissert. D'Säll vum Schlass ginn haut fir Representatiounszwecker vun der norwegescher Regierung benotzt. Am Schlass ass och den norwegesche Resistenzmusée, an deem déi norwegesch Resistenz géint déi däitsch Besatzung am zweete Weltkrich dokumentéiert gëtt.

Am Schlass ass eng Krypta an där déi lescht zwou Kinnekskoppele begruewe sinn.

An der Festung ass e Monument fir déi norwegesch Patrioten, déi do am Ktich 1940 - 1945 erschoss goufen.

Koordinaten: 59° 54’ 23’’ N 10° 44’ 10’’ O

D'Festung Akershus vu Weste gesinn

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Akershus festning – Biller, Videoen oder Audiodateien