Courtine

Vu Wikipedia
Dës Säit beschäftegt sech mat mat dem Festungsdeel Courtine. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Courtine (Homonymie).
Schematesch Duerstellung vun enger mëttelalterlecher Courtine mat gedecktem Wiergang an engem Ugrëff duerch eng Sape

Als Courtine (dt.: Kurtine, eng.: Curtain) bezeechent eng Mauer, meeschtens mat engem Wiergank, déi zwéin Tierm oder zwou Bastioune matenee verbënnt.

Entwécklung[änneren | Quelltext änneren]

Courtine vun der Festung Valença, ee Beispill vun enger bastionéierter Courtine.

De Bau vun enger Mauer oder enger Palissade ass déi einfachst Aart a Weis fir eng Siidlung oder eng Plaz ze schützen. Duerch de Bau vun Tierm sinn déi Maueren a Sektioune gedeelt ginn, eng Sektioun nennt ee Courtine, e ganzen Ensembel vun Tierm/Bastiounen a Courtinë ronderëm e Buerghaff oder eng Stad nennt een Enceinte.

Am mëttelalterleche Festungs- a Buergebau schwätzt een och nach vum Haaptwall oder dem Rempart. Dës Anlage kënnen aus Buedem, Holz oder Steen bestoen. Bei de Buerge bezeechent d'Courtine d'Ëmwallung vum Buerghaff, déi net direkt un e gemauert Gebai uschléisst, bei Stadmauere bezeechne si héich Mauere mat engem Wiergang, dee gedeckt oder oppe ka sinn, mat Zënnen. Viru sou Courtinë konnten och nach Zwéngeren als zousätzlech Verdeedegungsmoossnam gebaut ginn.

Mam Opkomme vum bastionéierte Festungsbau sinn d'Festungswierker méi niddereg a méi massiv ginn, an d'Courtine bezeechent hei d'Mauer tëscht zwou Bastiounen oder Hallef-Bastiounen. An der Reegel sinn dës Courtinë gemauert, an der hollännescher Bauweis vum 16. a 17. Joerhonnert gi Courtinen, wéi déi aner Elementer vu Festungen, awer och aus Äerd opgeschott.

Funktioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Courtine sollt d'Andrénge vu Fousstruppen/Infanterie an e geschützte Beräich wéi e Buerghaff oder eng Festung verhënneren. Well eng riicht Mauer awer d'Siicht op en eventuell uréckende Géigner behënnert huet, sinn am Laf vun de Joerhonnerten eng ganz Rei Verännerungen derbäikomm, déi et de Verdeedeger erméigleche sollten de Fouss vun der Mauer besser virun direkten Ugrëffer (Gruef, Wiergäng, Tierm, Mäerderlächer, Zwénger, Redan, Ravelin), Beschoss duerch Artillerie (Verdéckung, Bastiounen, Aussewierker) oder Ënnerminéierung (Konterminen) ze schützen.

Dan Agank an de geschützte Beräich ass an de mëttelalterleche Festungen duerch eng Paart geschitt, déi meeschtens duerch en eegene Bau mat Tierm geschützt war. Beim bastionéierte Festungsbau ass d'Entrée e laange Gang, d'Poterne, deen duerch déi ganz Courtine geet.

Beispiller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Courtinen – Biller, Videoen oder Audiodateien